Victor Rod
Ausgesinn
Victor Rod | |
---|---|
Gebuer |
26. Abrëll 1950 Obeler |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
De Victor Rod, gebuer de 26. Abrëll 1950 zu Obeler, ass e lëtzebuergesche Jurist a fréiere Generaldirekter vum Commissariat aux Assurances.
Hie war President vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess wou hien duerch de Camille Fohl ersat gouf a Verwaltungsrotmember vun der SES.
De 7. Mäerz 1991 gouf hien an de Staatsrot nominéiert. Den 3. Februar 2006 gouf hie Vizepresident an ass an där Funktioun bliwwe bis säi Mandat am Staatsrot de 7. Mäerz 2009 ofgelaf ass.[1]
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]- Grand Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2001)[2]