Vinton G. Cerf

Vu Wikipedia
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vinton G. Cerf
Gebuer 23. Juni 1943
New Haven
Nationalitéit USA
Educatioun Stanford University,
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles
Aktivitéit Informatiker, Ingenieur, Universitéitsprofesser
Member vun American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Engineering, American Association for the Advancement of Science, Royal Society, National Academy of Sciences

De Vinton Gray Cerf, gebuer den 23. Juni 1943 zu New Haven am Connecticut an den USA) ass een US-amerikaneschen Informatiker, deen als ee vun de Pappe vum Internet gëllt.

De Vint Cerf, deen net gutt héiert an dee schonn a senger Kandheet e gudde Mathematiker war, huet op der Stanford Universitéit Mathematik studéiert, ier e spéider de Grad Master of Science fir Informatik an den Doktortitel krut.

Wärend hie beim US-amerikaneschen DARPA geschafft huet, huet hien eng wichteg Roll an der Entwécklung vum Internet gespillt. Hien huet 1973 zesumme mam Robert E. Kahn d'Transmission Control Protocol entwéckelt, dat zéng Joer méi spéit zesumme mat dem Internet Protocol d'Standardprotokoll am Internet ginn ass.

Déi zwéi goufen am Joer 2004 mam Turing-Präis fir hir Leeschtunge bei der Entwécklung vum TCP/IP Protokoll ausgezeechent. Aner Auszeechnunge krute se zum Beispill am Joer 1997 vum US-President Bill Clinton fir hir Verdéngschter.

De Vint Cerf ass momentan President vum Comité vun der Internet Corporation for Assigned Names and Numbers (ICANN) an ass de Grënner vun der Internet Society.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vinton Cerf – Biller, Videoen oder Audiodateien