Virchow (Moundkrater)
Ausgesinn
Moundkrater Virchow | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 9,93° N |
Längt | 83,76° O |
Duerchmiesser | 18,83 km |
Déift | 1500 m[1] |
Selenographesch Längt | 277° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Rudolf Virchow (1821–1902) |
Genannt am Joer | 1979 |
De Virchow ass en Aschlagkrater um ëstlechste Rand vun der viischter Moundsäit, am Nordweste vum Ramplisterrain vum grousse Krater Neper. De Virchow ass nëmmen e bëssi erodéiert an de Kraterbuedem ass flaach.
De Krater gouf 1979 vun der I.A.U. offiziell nom däitschen Dokter a Patholog Rudolf Virchow genannt.
Kuckt och
[Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Virchow op The-Moon Wiki
- Moundkaart Nr 63: De Virchow läit riets an der Mëtt
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.