Visual Kei

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jugendlecher zu Tokio beim "Cosplay"

Visual Kei ass eng Museksrichtung aus Japan déi mam J-Rock Famill ass an ëmmer méi Adepten an Europa fënnt. Den Numm setzt sech zesummen aus dem englesche Wuert Visual (Optesch) an dem Japanesche kei 系. De Museksgenre ass schwéier ze klassifizéieren. Et geet vu Rock iwwer Gothik bis hin zum Metal. D'Unhänger bezeechne sech als Visus, a probéieren dacks de Stil vun hire Virbiller ze kopéieren.

Datt déi Richtung ëmmer méi populär gëtt ass z. B. doduerch beluecht, datt Dir en grey um Rock am Ring, engem grousse Festival um Nürburgring an der Äifel an Däitschland ageluede waren.

Charakteristesches[änneren | Quelltext änneren]

Visual Kei Museker si meeschtens männlech. Si kleede sech awer betount weiblech a schminke sech staark. Een deen net Bescheed weess, ka se liicht mat Frae verwiesselen. Hire Kleederstil geet vu Lack a Lieder bis hin zum Kimono.

Originnen[änneren | Quelltext änneren]

Als Grënner oder villméi Virgänger vum Visual Kei gëllt déi japanesch Band X Japan, déi an den 80er mat grellen Outfitten a melancholeschen Texter opgefall ass, a Virbild vir vill Jugendlecher war.

Wichteg Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Visual kei – Biller, Videoen oder Audiodateien