Vogel (Moundkrater)
Ausgesinn
De Moundkrater Vogel (ënne riets) an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 15°6'36"S, 5°49'48"O |
---|---|
Duerchmiesser | 26,3 km |
Selenographesch Längt | 354° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Hermann Karl Vogel |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ20 |
De Vogel ass e klengen Aschlagkrater op der südlecher Hemisphär vun der viischter Moundsäit. Hie läit südëstlech vum Krater Albategnius.
De Vogel ass dee klengste vun enger Aschlagkratergrupp mat dräi Krateren, déi no Süde hin ëmmer méi grouss ginn. Déi aner zwéin heeschen Argelander an Airy. Westlech ass en Iwwerrescht vum Krater Parrot.
Souwuel op der nërdlecher wéi och op der südlecher Säit gëtt de Kraterrand duerch méi kleng Krater ënnerbrach. De Vogel B op der nërdlecher Säit gëtt op sengem Nordrand nees vun engem nach méi klengem Krater ënnerbrach, sou datt do eng Rei matenee verbonnene Kratere läit. Déi iwwreg Deeler vum Kraterrand sinn zimmlech gutt erhalen.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
B | 14,46° S, 5,63° O | 22 km | [1] |
C | 14,12° S, 5,24° O | 9 km | [2] |