Vollekspartei

Vu Wikipedia

Als Vollekspartei ass ursprénglech eng Partei bezeechent gi wa se - aus watfir Grënn och ëmmer - an Oppositioun zur Aristokratie stoung.

Haut viséiert dee Begrëff éischter eng Partei, déi den Usproch erhieft, dat ganzt Staatsvollek oder e breeden Deel vum Vollek a seng Intressien ze vertrieden. Eng Vollekspartei am moderne Sënn verschreift sech also net méi enger spezieller Bevëlkerungsschicht, wéi z. B. den Aarbechter, mä s'ass au contraire "fir jiddweree wielbar". Dobäi muss s'awer net onbedingt der "Gëllener Mëtt" nolafen, Ofgrenzung wat Couleur an Ideologie ugeet ass duerchaus kompatibel mam Charakter vun enger Vollekspartei. Sou ka se z. B. éischter konservativ, liberal, sozial, progressiv, etc. sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]