WASP-2

Vu Wikipedia
WASP-2
Stärebild: Delphinus (Del)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 20h 30m 54,1s
Deklinatioun + 06° 25' 46"
visuell Magnitude 11,98 mag
Spektralklass: K1 V
Parallax zirka 420 Lj.
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Distanz zirka 420 Lj
Radius: 0,834 ± 0,08 R ☉
Absolut Hellegkeet zirka + 6 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: zirka 0,9
Uewerflächentemperatur (5200 ± 200) K
Aner Bezeechnungen
GSC 00.522-01.199
2MASS J20305413+0625463
1SWASP J203054.12 + 062.546,4

De WASP-2 ass e Stär, dee ronn 130 Parsec (zirka 420 Liichtjoer) vun eis ewech läit. Hie gëtt vun engem Exoplanéit ëmkreest. De Stär läit am Stärebild Delphinus. Säi Spektraltyp ass K1 V an hien huet eng visuell Magnitude vun 12 mag.

De Planéit[änneren | Quelltext änneren]

  Haaptartikel zu dësem Theema: WASP-2 b 


Well sech stänneg d'Zuel vun den nei entdeckten Exoplanéiten ännert, gi keng weider Eegennimm fir dës Objete verginn. Dofir heescht de Planéit, deen de WASP-2 ëmkreest einfach "b", also WASP-2b. De WASP-2b huet op d'mannst 88 % vun der Jupitermass an huet ongeféier de selwechte Radius wéi de Jupiter a brauch fir d'Ëmkreesung vu sengem Stär eppes méi wéi zwéin Deeg. Well eng direkt Observatioun vum Planéit wéinst der grousser Distanz an dem héijen Hellegkeetsënnerscheed mat sengem Stär net mat haitegen technesche Mëttele méiglech ass, sinn déi meescht Gréisste Mindest- resp. Maximalgréissten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]