Op den Inhalt sprangen

Spektralklass

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Spektraltyp)

D'Spektralklass an der Astronomie ass eng Klassifikatioun vun de Stären nom Ausgesi vun hirem Spektrum.

D'System berout op der Entdeckung vum Joseph von Fraunhofer am Joer 1813, datt am Sonnespektrum donkel Absorptiounslinnen ze gesi waren. De Robert Wilhelm Bunsen an de Gustav Robert Kirchhoff hunn 1859 dunn entdeckt, datt déi Linne vun der Lag hier identesch si mat Emissiounslinnen, déi vu bestëmmte cheemeschen Elementer fortginn.

De Schluss louch no, datt dës Elementer och an der Sonn miste sinnn. D'Spektralanalys war gegrënnt. Nieft der Analys vu Materialien op der Äerd, konnten sou och Stärespektren analyséiert ginn.

Et besti follgend siwe Grondklassen an dräi Ënnerklassen:

Klass Charakteristik Faarf Temperatur a K Typesch Mass an M Beispillstären
OIoniséierten Helium (He II)blo30000–5000060Mintaka (δ Ori), Naos (ζ Puppis)
B Neutralen Helium (He I)
Balmer-Serie Waasserstoff
blo-wäiss10000–2800018Rigel, Spicahalio
AWaasserstoff, Calcium (Ca II)wäiss (liicht blozeg)7500–97503,2Vega, Sirius
FCalcium (Ca II), Optriede vu Metallerwäiss-giel6000–73501,7Procyon, Canopus
GCalcium (Ca II), Eisen an aner Metallergiel5000–59001,1Capella, Sonn
KStaark Metalllinnen, spéider Titanoxidorange3500–48500,8Arcturus, Aldebaran
MTitanoxidrout-orange2000–33500,3Betelgeuse, Antares, Stär vum Kapteyn
Brong Zwerge
Lrout1300–2000VW Hyi
Trout (Maximum an Infrarout)600–1300ε Ind Ba
YInfrarout200–600WISEP J041022.71+150248.5
Kuelestoffklass vun de roude Risen (soug. Kuelestoffstären)
RCyan (CN), Kuelemonoxid (CO), Kuelestoffrout-orange3500–5400S Camelopardalis, RU Virginis
SZirkonoxidrout-orange2000–3500T Camelopardalis, U Cassiopeiae
NKuelestoffrout1900–3500R Leporis, Y Canum Venaticorum, U Hydrae

Et huet sech agebiergert, d'Spektralklassen O bis A als fréi Spektralklassen, d'Spektralklassen F bis G als mëttel Spektralklassen an déi iwwereg Spektralklassen als spéit Spektralklassen ze bezeechnen. D'Bezeechnunge fréi, mëttel a spéit entstamen aus der iwwerliefter Meenung, d'Spektralklass géif eppes iwwer d'Entwécklung vum Stär aussoen. Trotz där falscher Andeelung sinn déi Bezeechnungen nach haut am Gebrauch.

D'Spektralklasse mat hire siwe Grondtyppen (O, B, A, F, G, K, M) maache ronn 99% vun alle Stären aus, woufir déi aner Klassen dacks vernoléissegt ginn. Als Mierksaz fir déi Spektralklassen déngt de Saz:

"O Be A Fine Girl Kiss Me (Right Smack Now)": O B A F G K M (R S N) 

oder och

Offenbar Benutzen Astronomen Furchtbar Gerne Komische Merksprüche“: O B A F G K M. 
Oh, Bei Allen Fixsternen Gibt's Kennzeichnende Merkmale“: O B A F G K M. 

Follgend Klasse loosse sech net an d'Sequenz anuerdnen:

QNovae
P Planetareschen Niwwel
WWolf-Rayet-Stär
WNStéckstofflinnen
WCKuelestofflinnen

Ausserdeem ka Besonnesches am Spektrum duerch Zousätz erkenntlech gemaach ginn:

cbesonnesch schaarf Linnen
gnormale Ris
dZwergstär (Haaptrei; engl. dwarf)
sdËnnerzwerg (engl. sub dwarf)
wWäissen Zwerg
n, nndiffus Linnen
sschaarf Linnen
e, emEmissiounslinnen
p, pecBesonnesches bei Linnenintensitéit (engl. peculiar)
mstaark Metalllinnen
compzesummegesate Spektrum
v, varvariabele Spektrum

Deelweis ginn déi Zousätz duerch d'Deklaratioun vun der Liichtkraaftklass, déi 1943 vum William Wilson Morgan a Philip Keenan agefouert goufen (MK-System), iwwerflësseg. De Pickering huet am Joer 1890 ugefaangen, d'Klassifikatioun zesumme mat der Williamina Fleming, Antonia Maury an Annie Jump Cannon ze beaarbechten. Dobäi goung de Pickering alphabetesch vir an huet d'Klasse mat Groussbuschtawe vun A bis Z zortéiert.

D'Annie Jump Cannon stellt séier fest, datt d'Reiefolleg net sënnvoll war. No der Ofstufung koumen déi blo-wäiss liichtend, ganz waarm O-Stären no de rouden, relativ killen M- an N-Stären.

Weider huet sech heraus gestallt, datt e puer vun de Klassen nëmmen op Beliichtungsfeeler berout hunn, oder kee Sënn haten an dofir ewechfale konnten. D'Ofstufung gouf net méi vum Spektrum, mä vun der Stärentemperatur ofhängeg gemaach.

Éischt Versich, Uerdnung an d'Hellegkeet a bei den Temperature vun de Stären ze bréngen, hat am Joer 1865 den italieenesche Pater Angelo Secchi mat enger dräistufeger Skala ënnerholl an 1874 den Hermann Carl Vogel mat engem System, an dat och déi bis dohi bekannt Stärenentwécklungstheorien agefloss waren, wat zu stännegen Ännerunge gefouert huet.

  • Carlos Jaschek, M. Jaschek: The classification of stars, Cambridge: Cambridge University Press, 1987
  • Schmidt-Kaler, Theodor (1982): Physical Parameters of Stars in: Landolt-Börnstein New Series, Vol. 2b, ed. K. Schaifers & H.H. Voigt (New York:Springer)
  • Garrison, R.F.: The MK Process and Stellar Classification in R.F. Garrison, ed., The MK Process and Stellar Classification. Proceedings of the Workshop in Honor of W.W. Morgan and P.C. Keenan, held at the University of Toronto, Canada, June 1983 (U. of Toronto, 1984).