Stär vum Kapteyn

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stär vum Kapteyn
Verglach tëscht Objetgréissten aus eisem Sonnesystem (kënschtleresch Duerstellung).
Stärebild: Pictor (Pic)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 05h 11m 40.582s
Deklinatioun - 45° 01' 06,29"[1]
visuell Magnitude 8,86 mag[1]
Spektralklass: M0 V[1]
Astrometrie
Radialvitess: (244,4 ± 0,2) km/s[2]
Distanz (12,76 ± 0,05) Lj
Absolut Hellegkeet +10,9 mag
Parallax (255,66 ± 0,91)
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,38
Uewerflächentemperatur 3800
Metallizitéit −0,99 ± 0,04
Aner Bezeechnungen
CD −45° 1841
HD 33793
HIP 24186
SAO 217223
TYC 8078/1749/1
Aner Katalogen VZ Pictoris
GJ 191 • LHS 29

De Stär vum Kapteyn ass e sonnennoe Stär. Hie gehéiert zu der Klass vun de rouden Ënnerzwergen. Seng Mass huet nëmmen 38 % vun der Sonnemass a seng Gréisst huet knapps 3 Jupiterduerchmiesser. Seng Liichtkraaft erreecht nëmmen ongeféier en Dausendstel vun der Sonneliichtkraaft. De Stär steet am Stärebild Pictor an ass als liichtschwaachen Objet nëmme mam Teleskop ze gesinn. Duerch seng Lag um südleche Stärenhimmel kann hien eréischt südlech vu 45 Grad nërdlecher Breet observéiert ginn. Den Alter vum Stär gëtt op 13 Milliarde Joer geschat.

Den Himmelskierper gëllt als äerdnoosten Objet vum raren Halostären-Typ a wäicht staark vun der normaler Stärbewegungsrichtung of. Hie beweegt sech réckleefeg op enger onreegelméisseger, elliptescher Bunn ëm d'Mëllechstrooss. Dat erkläert och seng ganz héich Eegebewegung, déi zweetgréisst nom Feilstär vum Barnard. En zielt zu de Schnellleefer. Um Firmament leeft d'Bewegung no Südosten, domat gëtt d'Distanz zu eisem Sonnesystem ëmmer méi grouss.

Entdeckung[änneren | Quelltext änneren]

Den Entdecker Jacobus Cornelius Kapteyn

De Stär gouf 1897 vum hollänneschen Astronom Jacobus C. Kapteyn fotometresch entdeckt. D'Fotoplacke goufen um Kap vun der gudder Hoffnung am Royal Observatory vum David Gill opgeholl a goufe fir d'systematesch Opstellung vun engem Stärekatalog der Cape Photographic Duerchmusterung gemaach. Zum Zäitpunkt vu senger Entdeckung hat de Kapteyn Stär déi gréisst Eegebewegung vun alle Stären an huet den deemolege Rekordler Groombridge 1830 ofgeléist. Mat der Entdeckung vum Feilstär vum Barnard 1916 gouf hien op där Positioun ofgeléist.

Kosmesch Ëmgéigend an Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Den Himmelskierper gehéiert zu den 30 sonnenooste Stären. Den nächste Stär op enger Distanz vu knapps 4 Liichtjoer ass de rouden Ënnerzwerg LHS 1565 / GJ 1061, weider si Sirius op 6,5 an Epsilon Eridani op enger Distanz vu 7,5 Liichtjoer. No neien Erkenntnesser gehéiert den Himmelskierper a weider Stären zu der sougenannter Kapteyn Bewegungsgrupp, enger sphärescher Zwerggalaxis, déi viru Joermilliarde mat der Mëllechstrooss verschmolt ass. D'Stäre vun der Galaxis goufen e Stärestroum, eng laang gestreckt Spur vu Stäre mat ähnlecher Bewegung an der Mëllechstrooss. Vun der Zwerggalaxis war nëmmen nach de kompakte Kär iwwreg bliwwen, deen haut de Kugelstärekoup Omega Centauri bilt.[3]

Spektrum[änneren | Quelltext änneren]

De Stär gehéiert an d'Spektralklass M, där hir Charakteristik eng staark Titanoxid (TiO)-Band ass. Den Himmelskierper huet als eruptiv verännerleche Stär e variabele Spektrum. Hie gehéiert zum Typ vun de Flare-Stären (UV Ceti-Stären). Eng Charakteristik vun dësem Stärtyp, deen ee bei sonnenoen, liichtschwaache Stären dacks fënnt, si monumental, onbestëmmbar Gaseruptiounen op der Uewerfläch, déi kuerzfristeg d'Liichtkraaft staark veränneren. D'H-Linn läit bei 656,8 nm. Déi géigeniwwer dem Laborwäert erhéicht Wellelängt weist, datt sech den Objet vum Sonnesystem ewech beweegt (opteschen Doppler-Effet). D'Besonneschheet a sengem Stärespektrum läit an der relativer Verstäerkung vun den Ca-I- an Cr-I-Linne relativ zu der Stäerkt vun den TiO-Bänner. D'Konzentratioun vu schwéieren Elementer – seng Metallizitéit – ass am Verglach zu sonnenähnleche Stäre kleng, a senger Klass awer normal. Duerch déi relativ no Distanz vum Himmelskierper an deem domat verbonnene gudde Signal-Rauschverhältnes weisen déi spektral Observatiounen och Aussoen iwwer eng grouss Zuel vun ähnlechen, awer wiesentlech méi wäit an doduerch méi schlecht fir Analysen zougängleche Stären.

Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Ufank Juni 2014 gouf bekannt, datt en internationaalt Astronomen-Team zwéi Planéite mat liewensfrëndlechen Eegenschaften entdeckt huet, déi ëm de Kapteyn Stär dréinen.[4] Dee bannenzege Planéit, Kapteyn b, kreest ëm de Stär an 48 Deeg an huet wahrscheinlech déi fënneffach Mass vun eiser Äerd. Op senger Uewerfläch kéint Waasser a flësseger Form sinn. De Kapteyn c huet eng Ëmlafzäit vun 121 Deeg, ass méiglecherweis méi schwéier an och ze kal fir flëssegt Waasser ze hunn. D'Entdeckunge goufe mat Hëllef vun Date vum HARPS-Spektrometer vum Europäesche Südobservatoire am Chile, dem Keck-Observatoire op Hawaii an dem chilenesche Las Campanas-Observatoire gemaach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kotoneva E. et al: A study of Kapteyn's star., Astron. Astrophys., 438, 957–962 (2005)
  • Vincent M. Woolf, George Wallerstein: Chemical abundance analyses of Kapteyns's Star, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society, Vol. 350, 2, pp. 575–579 (2004) (PDF)
  • Segransan, D., Kervella, P., Forveille, T., Queloz, D.: First radius measurements of very low mass stars with the VLTI, .: Astronomy & Astrophysics, 397, L5, (2003)
  • Wing R.F., Dean C.A., Macconnell D.J.: Temperature, luminosity, and spectrum of Kapteyns Star, Astrophysical Journal 205(1):186-&, (1976)
  • John E. Gizis: M-Subdwarfs: Spectroscopical Classification and Metallicity Scale, The Astronomical Journal, Vol. 113, 2, pp. 806 (Feb. 1997)
  • J.C. Kapteyn: Stern mit größter bislang bekannter Eigenbewegung, Astronomische Nachrichten 145, p. 159 (1898) (online)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  3. Nachbarsterne stammen aus zerstörter Zwerggalaxie (Wissenschaft aktuell)
  4. Entdeckter Planet könnte lebensfreundlich sein (Kurier.at)