Epsilon Eridani

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
ε Eridani
Positioun vum Epsilon Eridani (roude Krees)
Stärebild: Eridanus
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 03h 32m 55,844s
Deklinatioun - 09° 27' 29,74"
visuell Magnitude + 3,72 mag
Spektralklass: K2 V
verännerleche Stärtyp BY-Draconis-Stär
Astrometrie
Radialvitess: (16,3 ± 0,1) km/s
Parallax (310,94 ± 0,16) mas
Distanz (10,489 ± 0,005) Lj
Absolut Hellegkeet +6,18 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,85 M☉
Radius: 0,84 R☉
Liichtkraaft: 0,28 L☉
Uewerflächentemperatur 5100 K
Aner Bezeechnungen
ADS ADS 2362
Bayer-Bezeechnung ε Eridani
Bonner Duerchmusterung BD -9° 697
Bright Star Catalogue HR 1084
Flamsteed-Bezeechnung 18 Eridani
Gliese-Katalog GJ 144
Henry-Draper-Katalog HD 22049
Hipparcos-Katalog HIP 16537
SAO-Katalog SAO 130564
Tycho-Katalog TYC 5296/1533/1

Den Epsilon Eridani (oder: Ran) ass e sonnenähnleche Stär mat ongeféier 0,85 Sonnemassen an enger Distanz vun zirka 10,5 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem ewech.

Hien ass nom Alpha Centauri an dem Sirius den drëttnoste Stär.

Den Epsilon Eridani gehéiert zum Stärebild Eridanus an ass vun der Distanz hir de nächste Stär vun dësem Stärebild. Säi nächste Noper ass mat enger Distanz vun 5,22 Lj (1,60 pc) Luyten 726-8 (UV Ceti an de BL Ceti).

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

Den Epsilon Eridani hat laang keen eegenen Numm nieft senger Bayer-Bezeechnung. No engem ëffentlech ausgeschriwwene Concours vun der IAU krut hien am Dezember 2015 den Numm Ran.

Arabesch Siidler laanscht der Ostküst vun Afrika haten de Stär viru ronn 700 Joer geleeëntlech mam Numm الصادرة Aṣ-Ṣādira („Straussen déi zréckkommen“) genannt.

Physikalesch Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den Epsilon Eridani (lénks) ass méi kleng a méi kill wéi eis Sonn (riets).

Mat engem Alter vun enger halwer bis enger Milliard Joer ass et am Verglach zu der 4,6 Milliarde Joer aler Sonn, en zimlech jonke Stär. Den Epsilon Eridani ass ongeféier sou grouss wéi d'Sonn, d'Hellegkeet vum K2-Haaptreiestär huet awer nëmmen 28 % vun der Sonnenhellegkeet. Déi ongewéinlechst Eegenschaft vun deem Stär ass säin extrem wiesselhaft optescht Spektrum, dat vill Spektrallinnen (Emissiounslinnen) opweist. Ausserdeem huet hien e staarkt magnéitescht Feld an eng relativ niddreg Metallizitéit (besonnesch bei Eisen). Duerch Miessunge konnt d'Dauer vu senger Rotatioun op 12 Deeg bestëmmt ginn, wat ongeféier der duebeler Rotatiounsvitesse vun der Sonn entsprécht. Dat ass bedéngt duerch säi jonken Alter.

D'Ëmgéigend vum Stär[änneren | Quelltext änneren]

Stëbsscheif[änneren | Quelltext änneren]

Stëbscheif ëm den Epsilon Eridani, opgeholl vum James Clerk Maxwell Telescope

1998 gouf ëm den Epsilon Eridani eng Gas- a Stëbsscheif fonnt, déi sech wéinst sengem jonken Alter nach net opgeléist huet. Hir Distanz zum Stär entsprécht ongeféier deem vun der Kuiperceinture am Sonnesystem. D'Stëbsscheif enthält ongeféier 1000-mol méi Stëbs, wéi es am Ament am bannenzege Sonnesystem ass. Dat géif bedeiten, datt d'Regioun ëm den Epsilon Eridani dausendmol méi Koméitematerial wéi eist Sonnesystem enthält.

Zwar gëtt et haut keen Zweifel méi un der Theorie vun der Planéitegenesis aus Gas- a Stëbsscheiwen, mä et war dat déi éischt Kéier, datt d'Astronomen entspriechend Verhältnesser tatsächlech bei engem Stär observéiere konnten.

Asteroidenceinture[änneren | Quelltext änneren]

Am Oktober 2008 war et mat Hëllef vum Infrarout-Weltraumteleskops Spitzer den Noweis gelongen, datt den Epsilon Eridani zwou Asteroidenceinturen huet. D'Positioun vun enger Ceinture ass mat der Lag vun der Asteroidenceinture am Sonnesystem tëscht Mars a Jupiter ze vergläichen. Déi zweet, méi dicht Ceinture ass tëscht der éischter Ceinture an dem baussenzege Koméiterank.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Verglach vun de Gréissten: Stëbsscheif a Planéitebunn vum Epsilon Eridani b.

Haaptartikel Epsilon Eridani b

Well Epsilon Eridani ee vun de nächste sonnenähnleche Stären ass, gouf schonns laang intensiv no Planéite gesicht. D'Opfanne mat der Method vun der Radialvitess war awer schwiereg wéinst der héijer Aktivitéit a Verännerlechkeet vum Stär. Schonn an de fréien 1990er Jore gouf d'Existenz vun engem Trabant ugeholl. D'Observatioune waren awer net fundéiert genuch, fir seng Existenz domat beleeën zu kënnen.

Am Joer 2000 gouf schliisslech d'Entdeckung vum Planéit Epsilon Eridani b vun engem Team ëm den Artie Hatzes bekannt gemaach. D'Entdecker hu seng Mass mat 1,2 ± 0.33 facher Jupitermass betëmmt. Observatioune mam Hubble-Weltraumteleskop hunn dat Ufanks Oktober 2006 bestätegt.

En hypothetesche Planéit, Epsilon Eridani c genannt, gouf 2002 op Basis vun der Analys vun der Stëbsscheiwestruktur virgeschloen. D'Klatzen an der Stëbsscheif kënne Stëbspartikele sinn, déi a Bunnresonanze vun engem Planéit mat héijer Exzentrizitéit verdicht a gebonne sinn.

Dee Planéit soll méi eng kleng Mass hunn an den Epsilon Eridani an 280 Joer mat enger Exzentrizitéit vun 0,3 mat enger grousser Hallefachs vu 40 AE Distanz ëmkreesen. 2008 war d'Existenz vun deem Planéit nach net vun anere Fuerschergruppen geséchert ginn.

Begleeder
(a Reihefolleg vum Stär)
Mass
(a Jupitermassen)
Ëmlafdauer
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(AE)
Exzentrizitéit
b 1,55 ± 0,24 2502 ± 10 3,39 ± 0,36 0,702 ± 0,039
c (net geséchert) ~0,1 ~102200 ~40 ~0,3

Projet SETI an de 60er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1960 goufen den Epsilon Eridani an de Stär Tau Ceti am Kader vum Projet Ozma, engem SETI-Projet, ënner der Leedung vum Prof. Frank Drake en etlech Wochen op Funksignaler observéiert. De Projet hat näischt bruecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie