La Superba

Vu Wikipedia
La Superba
Stärebild: Canes Venatici
Daten
Rektaszensioun 12h45m07.83s
Deklinatioun +45°26'24.8"
Gréissteklass 4,8-6,3 mag
Spektralklass: C7Iab
Verännerleche Stärentyp SRB
Distanz 650 ± 130 Lj
Absolut Hellegkeet -1,27 ± 0,43 mag
Mass: 3 * Sonn
Radius: 215 * Sonn
Liichtkraaft: 270 ± 110 * Sonn
Radialvitess: ?
Uewerflächentemperatur 2800 K
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +46°1817
Bright Star Catalogue HR 4846
FK5 1327
GC GC 17342
Henry-Draper-Katalog HD 110914
Hipparcos-Katalog HIP 62223
SAO-Katalog SAO 44317
Tycho-Katalog TYC 3459-2147-1
Kaart vum Stärebild Canes Venatici (Juegdhënn)

La Superba ass de verännerleche Stär Y Canum Venaticorum (Y CVn) am Stärebild Canes Venatici.

Et handelt sech ëm ee vun de roudelzegste Stären um Himmel. Wéinst senger opfälleger Faarf huet den italieeneschen Astronom Angelo Secchi hie La Superba, "déi Gréisst" genannt. Aner Bezeechnunge sinn HR 4846 oder HD110914.

De Stär ass 710 Liichtjoer vun eis ewech. De roude Ris gehéiert zu der Spektralklass C7I. Hien huet en héije Kuelestoffgehalt. Sou Stäre ginn och als Kuelestoffstären (englesch) Carbon Stars) bezeechent. D'Uewerflächentemperatur ass 2.800 Kelvin. Den Duerchmiesser ass ronn zwou Astronomesch Eenheeten, also 300 Millioune Kilometer. De Stär huet déi 4.400fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

D'visuell Magnitude variéiert an engem Zäitraum vu ronn 160 Deeg tëscht 4,80 mag a +6,30m. La Superba gëtt zu den hallefreegelméisseg verännerleche Stäre gezielt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]