Whitney Houston
Ausgesinn
| Whitney Houston | |
|---|---|
|
am Joer 2009 | |
| Gebuertsnumm | Whitney Elizabeth Houston |
| Gebuer |
9. August 1963 Newark |
| Gestuerwen |
11. Februar 2012 Beverly Hilton Hotel |
| Doudesursaach | Erdrénken |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Sängerin, Schauspillerin, Filmproduzentin, Filmschauspillerin, Museksproduzentin, Discographesch Kënschtlerin, Televisiounsschauspillerin |
| Gielercher | Primetime Emmy Award, Grammy Awards, NRJ Music Award de l'album international de l'année |
| Famill | |
| Bestuet mat | Bobby Brown (18.7.1992–24.4.2007) |
| Mamm | Cissy Houston |
| Geschwëster | Gary Garland |
| Kanner | Bobbi Kristina Brown |
|
| |
D'Whitney Elizabeth Houston, gebuer den 9. August 1963 zu Newark, New Jersey, a gestuerwen den 11. Februar 2012 zu Beverly Hills, Kalifornien, war eng US-amerikanesche R&B-, Soul- a Popmusek-Sängerin, Schauspillerin a Filmproduzentin.
Mat iwwer 170 Millioune verkaafte Placken an CDen an iwwer 200 Gold-, Platin-, Sëlwer-, an Diamantschallplacken a sechs Grammyen huet d'Whitney Houston zu de Sängerinne mat deem meeschte Succès an den 1980er an 1990er Jore gezielt.[1],[2] Si hat eng Stëmm iwwer 3 Oktaven. Zu hire gréisste Succèsen hu Lidder wéi Saving All My Life for You, I Wanna Dance with Somebody oder I Will Always Love You aus dem Soundtrack vum Film The Bodyguard (an deem se och matgespillt huet) gehéiert.
Discographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Albumen
- Whitney Houston (1985)
- Whitney (1987)
- I'm Your Baby Tonight (1990)
- The Bodyguard (Soundtrack, 1992)
- The Preacher's Wife (Soundtrack, 1996)
- My Love Is Your Love (1998)
- The Greatest Hits (2000)
- Love, Whitney (2001)
- Just Whitney... (2002)
- I Look to You (2009)
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1992: The Bodyguard
- 1995: Waiting To Exhale
- 1996: The Preacher's Wife
- 1997: Rodgers & Hammerstein's Cinderella
- 2012: Getting To Happy
- 2012: Sparkle
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Whitney Houston – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Offiziell Biographie
- ↑ Gold- a Platinstatistik Archivéiert de 14.02.2012. Gekuckt den 12.02.2012.
