Wikipedia:De Staminee/Archiv2006/September

Vu Wikipedia

E puer däitlech Wierder un déi , déi mat der Meenung hauséiere ginn, Adminne wieren dofir do, fir deenen aneren den Déngen ofzebotzen[Quelltext änneren]

Ech referéiere mech hei op e Kommentar vum Myriam vum 12. August 2005 um 0:29 Auer op der Talk:Schluecht vun Omdurman-Säit. Nodeems de Cornischong sech opgeregt hat, datt nodeems de Robby e Link richteg op déi en-Säit gesat huet, d'Myriam de Link g'ännert hat, an duerno sech gewonnert huet, datt de Link net geet. "A mat esou engem Schäiss verpelemperen ech hei meng Zäit!!!!!!!!!!! " Doropshin koum vum Myriam "Jo, mee dofir bass de jo do, oder? Du mechs dach de ganze Kontroletti hei, op dat der elo Spaass mecht oder net, mee du hues dech duerfir décidéiert, ech wéilt dat net maachen. " Ob dat elo just Dommheet pur ass, oder an deem Kommentar d'Frecheet iwwerweit, ass mer net ganz kloer. Mee op alle Fall eng Kloerstellung: Wann et schonns esou ass, datt op de lb-Wiki eng Partie Adminnen eemol an der Woch opdauchen, wann iwwerhaapt, anerer ofdauchen ouni Bescheed ze ginn (den Zinneke huet kloer Bescheed ginn, datt hien eng Zäitschen net "do" ass), da bedeit dat net, datt hei een den "Aarsch vum Déngscht" spillt, "op dat (der) em elo Spaass mecht oder net". Wann nach een et net sollt gewosst hunn: Den Ënnerscheed tëscht den Adminnen an deem anerer Vollek ass net deen, datt déi eng deenen Aneren hiren Idiot spillen. Wann een owes just nach aner Useren un den Zonk $ç£& geet ( User talk:Gloooooo 11. August 23:12) deet e vläicht besser drun, mat Zäit an d'Bett ze goen. --Cornischong 07:51, 12 August 2006 (UTC)

Zu der Problematik verweisen ech da mol ganz einfach op d'Erklärungsäit wat en Admin ass => Wikipedia:Administratoren. Do liese mer: Den Admin huet déi selwecht Rechter a Flichte wéi all normale Wikipedia-Benotzer. Op kee Fall huet en Admin méi Méiglechkeete wann et ëm d'Artikelschreiwe selwer geet. All dës Rechter a Flichten si kee Privileeg vun engem Admin, all User ka sech dodrëms këmmeren, genee sou wéi en Admin net gezwonge ka ginn, all Woch am Stamminet ze raumen. --βρισεισDisk 13:22, 2 September 2006 (UTC)

Ech kann perséinlech mat all deenen Erklärunge liewen (ech mengen domat all déi firwaat dass d'Adminnen nit do sinn (z.B. nët fir deenen aaneren den Dengen aafzebotzen, z.B nët fir alles responsabel ze sinn). Een Admin soll och keen Zwang fir ëmmer mussen do ze sinn ët ass jo schliislech alles op freiwëlleger Basis. Wann ech da gesinn dass de User Cornischong mat sengem Kommentaire hei och nach eng op d'Noss kritt, an mol nit a Betruecht geholl gët dass seng Remarque just vis-a-vis vun sengen gläich gestallten Collegen Admin war an an deem Ament och keen vun deenen drop reagéiert huet (an daat war an engem spezifesche Fall wou korrekt Argumenter vun der säit vun Adminnen wichteg gewiescht wären) an da gesinn daas hien hei als User duergestallt gëet obschon en och Adminn ass, da fänken ech un mer Froen ze stellen. A wann ech all déi aaner Kommentären sou liesen dann ass meng Fro fir waat sinn se iwwerhaapt do oder hu mer der nët genuch.

Hei zerappen sech Useren d'Meiler ënnerennen oni das een Admin seet sou leeft et hei. Deen een Daag ass et wéinst Categorien deen aaneren Daag wéinst Lëschten, deen aaneren Daag wéinst lëtzebuergesch.

Wann di puer Adminnen déi mer hunn sech ëffentlech hei um Site zerklappen waat sollen d'Useren dann nach maachen.

Zrëck zur Affär Myriam du baas jo durfir do. De Kommentär keint elo mat engem grousse Retard (natiirlech waat jidderee versteet durch Congeen a Vakanzen) . Mee dommerweis ass elo d'Myriam an der Vakanz. Mengt wirklech een et giww daat hei nach a 14 Deeg matkréien wann et erem ass. En plus huet et jo deemols eng Änwert kritt.

All déi Kommentären wann den zuch schon dräimol Aller-Retour gemmet huet sinn hei och iwwerflësseg. Eng Meenung vun engem User deen sou lues d'Flemm op der Wiki luxemburgensia kritt Les Meloures 15:46, 2 September 2006 (UTC)


Ech sinn net éischter derzou komm hei vill ze liesen, well ech wor, wat z.B. de Cornischong wosst, zwéi Méint zu Wien bei mengem Frënd, an hu je no Zäit a Méiglechkeet och eppes op der Wikipedia gemaach. Ech gesinn den Adminsposten als normalen Artikelschreiwer, eenzegen Ënnerscheed ass, wann een domm gëtt oder topesch Saache schreift, da kann ech (bzw. déi aner Adminnen) den Artikel blockéieren, de Benotzer blockéieren, oder suguer am Extremfall den Artikel läsche goen. An dat ass quasi dat eenzegt wat Admins vun "normale" Benotzer ënnerscheed, déi Zort "Police" déi mir kënne sinn wann ee queesch schléit. Admin heescht fir mech net datt ech 24 op 24 a 7 op 7 hei rakucke "muss". Wann ech eng ganz Woch keng Zäit hunn, wéinst wat och ëmmer, dann ass dat esou. Et ass eng Fräizäit an ech hunn e Studium an e Privatliewen nierwebäi a kann net ëmmer op der Wiki sëtzen. Ech zerklappe mech och hei mat kengem. Mäi Kommentar weider uewen wor nëmmen um Myriam säin "Dofir bass du jo do" bezunn, an op soss näischt. --βρισεισDisk 23:18, 2 September 2006 (UTC)

Maria Teresa Mestre[Quelltext änneren]

Also wann een sech do auskennt (ech net) wier et flott wann en Artikel driwwer kéint kommen. Op den Interwikie fënnt een all méiglech Informatiounen (haapsächlech um Engleschen). Ech hunn et net esou mat de "Gekréinten". Myriam 21:32, 16 August 2006 (UTC)

An ech hun et nët esou mat der Aarbecht déi déi eng vun deenen aanere froen :-) Les Meloures 08:59, 30 August 2006 (UTC)

Ech hunn den Artikel deslescht an der Groussgaass begéint. En huet mer gesot, datt en net "kéint kommen". Wéi ech gesinn, misst da schonn een e schreiwen. --Cornischong 08:41, 8 September 2006 (UTC)
Kann d'Myriam déi nächste Kéier vläicht déi Linken déi him bekannt sinn (haaptsächlech am engleschen) wéi et hei schräiwt mol héi opféieren. Derfu schwätzen ass jo schéin mee wäisen ass besser :-)) Les Meloures 08:58, 8 September 2006 (UTC)
Lues, lues, lo net iwwerdriwwe Fuerderunge stellen. --Cornischong 23:57, 24 September 2006 (UTC)

Foto vun der Méchelskierch[Quelltext änneren]

Huet keen eng Foto vun der Méchelskierch vu baussen, wann méigelech vun der Säit aus geholl? Ech bräicht déi fier en historeschen Artikel. Spanish Inquisition 15:16, 2 September 2006 (UTC)

"en historeschen Artikel", hunn ech dee verpasst? --Cornischong 08:55, 29 September 2006 (UTC)

Gëschter Mëtteg stung ee risege Kran laanscht d'Säit vun der Kierch, eng Foto war net ze maachen. Leider :-/ Pear 05:31, 3 September 2006 (UTC)

Schued. Mee wann en net zevill verdeckt, dann kann ech deen och nach eweg retouschéieren. Leider hun ech meng résidence an der Schwäiz, soss géing ech jo selwer laanscht kucken goen. Mee ob jiddferfall merci fier d'Beméiung. Vielleicht sollt en déi Baukranen och mat an den Artikel huelen. Ech kann mech net erenneren, dass ech d'Staadt eng Kéier ouni Kranen gesinn hät. Stëmmt et oder hun ech Recht? Es Grüessli Spanish Inquisition 15:38, 3 September 2006 (UTC)

An dësem Fall wier et wuel am beschten, emol mam Artikel unzefänken. D'Foto wäert schonns nokommen. --Cornischong 08:44, 8 September 2006 (UTC)

Wikipedia am Wort[Quelltext änneren]

Haut 06. September 2006 ass am Wort ënnert der Rubrik "Rentrée scolaire 2006-2007" en Artikel iwwer d'Wikipedia ze fannen. Mam Titel "Wikipedia: Mehr Vorschlage- als Nachschlagewerk - Warum die Online-Enzyklopädie nicht immer verlässliche Informationen liefert" kuckt d'Wort dem Projet Wikipedia éischter méi kritesch entgéint. --Tomateus 08:13, 6 September 2006 (UTC)

Wann op der selwechter Duebelsäit net eng Hymn op de "Brockhaus multimedial 2006 premium" stéing ("..was neue Medien zu leisten imstande sind") mat Indikatioun vum Präis, a wann op der selwechter Säit net eng Hymn op "Retrospect 2006" mat Strofe wéi "einmalige multimediale ... dokumentiert anschaulich und lebendig die Geschichte des 20. und 21. Jahrhunderts" stéing, géif ech mech manner wonneren, datt et esou "kritesch gëtt. Wat näischt kascht, .... --Cornischong 09:33, 6 September 2006 (UTC)
Waat reegst Du Dech eigentlech ob? Et weess dach jiddfereen den e bëssi Ahnung vun der Welt huet, dass d'Wort eng lauseg Zeitung ass. Déi ass fier näischt gudd. Net emol fier Fësch dran anzewéckelen, d'Drockerschwärzt geet nämlech oof. Den Leo Zeches huet viru Joren an engem Editorial vun moraleschen journalisteschen Standaren geschriwen an gläichzäiteg dréckt d'Paulus Dréckerei d'Bildzeitung fier den Raum Tréier. Et wonnert mech dass se zu Gasprech an de Wisen iwerhaapt wëssen waat d'Wikipedia ass. Mee wéi et schengt hun se sech dat vun engem Vertrieder vum Brockhaus erklären gelooss den hinnen frëndlecherweis gleich esou eng flott Enzyklopääädie dogelooss huet. Lies eng ordentlech Zeitung. Grouss aus der Schwäiz Spanish Inquisition 21:07, 7 September 2006 (UTC)


Lëtzebuerg an den Top 10[Quelltext änneren]

Waat net alles zustaanen kënnt wann en e klengt Vollëk ass [1]. Amen an gudd Nuecht Spanish Inquisition 23:33, 7 September 2006 (UTC)

Ech géiw esou guer soen Nummer 8 wëll menger Meenung no kënnen Ido an Interlingua ni mat bewäert ginn do ass Statistik vun de Léit déi Sproch schwätzen oder schräiwen zu 99.9 % falsch. Les Meloures 08:15, 8 September 2006 (UTC)

bei klengen Länner oder Bevölkerungen etc machen einfach Statistiken souwisou keen Sënn. D'Lëtzebuerger BIP/Awunner ass kompletten Kaabes wëll do déi 100'000 Frontalieren jo guer net mat dran sinn. Hei ass nach eng lëschteg Websait wou allméigelechen Kaabes obgezielt get [[2]] D'Lëtzebuerer saufen do am meeschten harden alkohol/Kapp. Ma dann Prost Josy --Spanish Inquisition 19:07, 8 September 2006 (UTC)

A vun de Nationalsproochen aus gesinn wann ech daat richteg gesinn esouguer Nummer 1 .

Am algemenge gesinn sinn déi Bemierkunge vum Spanish Inquisition jo richteg daat huet aawer néicht mat de Statistiken vu Wikipedia ze dinn.
Statistiken sinn ëmmer esou wéi dee Statistiker deen eng bestëmmten Statistik wëllt se och esou kritt. (Statistik Wikipedia an de Prozentsätz ass kommplett falsch)
Et deet mer och leed wann ech emol verschidden Universitären (déi hei metschaffen) och wann se nach nit fäerdeg op hiirer Uni sinn mol muss soen, dass se mol méi konkret an argumentaresch sollen iwwerléen éh se iwwer alles héi braddelen. Si sollen sech emol bewosst sinn dass héi och ganz vill eeler Leit matschaffen oni dass déi direkt déklaréiren waater Schoulen se gemach hun obschon si Superuniversitäre sin (déi di Jonk mussen daat mol fäerdech maachen, da gleewen ech deenen och méi).
Iwwer d'Statistiken vu Wikipedia ginn ech jidderengem op präzis Ufro gären eng ganz genau Äntwert Les Meloures 20:40, 8 September 2006 (UTC)

... a schonns ass et fort[Quelltext änneren]

Et mécht mer näischt aus, eppes ze läschen. A leschter Zäit hunn ech awer heiansdo Problemer, gewuer ze ginn, wat da soll geläscht ginn. " kat cf demande vum Les Meloures an talk vun kat gläich matläschen weg) " hëlleft mer net weider. Do geet d'Ried vun enger "demande vum Les Meloures"; just wou ass se? Et geet do Rieds vun "talk vun kat", déi gläich matgeläscht sollte ginn, mee ëm watfireen "talk" vun watfirenger "kat" et geet, ass net evident. Also, w.e.g. kuerz a kloer wéi dat Béischt heescht, dat soll anihiléiert ginn, a schonns ass et fort. --Cornischong 15:25, 10 September 2006 (UTC)

Image deleted from WikiCommons oder, wéi wier et mat Bäiléieren?[Quelltext änneren]

Beim Champagne VD huet nees "iergendeen" an de Commons e Bild geläscht. Eigentlech misste mer schonn dacks genuch bäigelaf sinn mat deenen Tricken. Wa mer eis nach weider op d'Commons verloossen, wäerte mer weider bäilafen. Also, nach eng Kéier: Déi Commons-Verlinkungen ass zimmleche Mumpitz. --Cornischong 19:11, 13 September 2006 (UTC)

Du wees jo guer nët wéi recht dass de hues, leider hun mer net vun alles ee Bild. Daat hei ass och nët verluer. Ech haat just nach keng Zäit fir et ze ersetzen. Gëtt awer nach haut gemeet. Do huet anscheinend ee German ee copyright Probleem. Ech kucke mer mol déi offiziell Säit vu Champagne VD un op doëppes iwer e copyright vum Fändel ze fannen ass. Wann nët da kënnt en erëm dran. Les Meloures 20:04, 13 September 2006 (UTC)

Dat wor eier en Schweed an keen Preis [3]. Den Woopen wor als fair use declaréiert an dorops reagéieren se allergesch um Commons.

"Also Dude, Preis is not the prefered nomenclature. German please." [4] Amen Spanish Inquisition 20:21, 13 September 2006 (UTC)

Allright Dude: Preis was changed to German as you can see above Amen and gehe hin in Frieden Les Meloures 21:02, 13 September 2006 (UTC)

Verglach png. a svg.[Quelltext änneren]

Dat ass d' png Versioun vum belsche Fändel
Dëst ass en als Vektorgrafik am svg

Explikatioune sinn op de Commons ze fannen "Commons:Transition to SVG" [5]. Do geet och iwwer d'Problemer mat svg. Rieds. --Cornischong 09:30, 16 September 2006 (UTC)

Sätz, déi sech als Artikele verkleet hunn[Quelltext änneren]

A leschter Zäit dauchen ëmmer méi dacks Sätz mat Iwwerschrëften op, déi eis anscheinend als Artikel verkleet hunn. Beispiller: "Jibbes On Tour as eng lëtzebuergesch Museksgrupp". Ob déi Madrigale spillen oder Free Jazz schéngt net esou wichteg ze sinn. "De Michel Séméniako, gebuer 1944 zu Annecy,ass ee franséische Photograph." (Dat ass den integralen "Artikel"!!) Ob dat e Fotojournalist bei National Geographic ass oder en Amateur-Fotograf vun Däitsch-Oth, dee Sonndes Mëttes Fotoë vun de Kandskanner mécht, geet eis, wéi et schéngt, näischt un.

Nit nëmmen déi do, och déi hei zum Bsp. Chamonix. Wanndéi sou bekant ass brauche mer och kee Saatz deen eis seet dass se bekannt ass .

An déier gëtt et nach ee Paak och nach méi aaler an natirrlech vu ganz respektéierten Useren déi schon laang derbäi sinn oder Administrateuren (déi solle sech mol mat der eegener Nues huelen) . Ech hu mech elo ameséiert, an Koup Kommentären op der lëtzebuergeschsproocheger Wikipedia nogekuckt Ech mierken hei ginn ëmmer déi néi Useren auserneegepléckt. Nilrom 09:19, 23 September 2006 (UTC)

Mecher

E Saatz eng Këscht a soss nët vill Puscas 10:20, 23 September 2006 (UTC) och een néie User deen och kuerz Artikelen ugefaang huet weil en sech och aler ugekuckt haat déi nët méi laang waaren a gemengt huet daat wier esou an der Rei well do si och keng Kriticke gemach goufen.

Meng Fro durfir geet et hei à la tête de l'User oder soll et et à la tête de l'Article goen. Et wier gudd fir daat fir an Zukunft ze wëssen. Puscas 10:28, 23 September 2006 (UTC)
Nö, ech mengen et geet eischter ewéi verschidden Leit grad gelaunt sinn. An obs'De eppes topeges mat hierem Lieblingsartikel gemacht hues. Et sinn eben och nëmmen Mënschen. Spanish Inquisition 06:46, 25 September 2006 (UTC)

Et besteet e Grond, fir d'Ageloggtsinn (nach kee Artikel do) virun enger Sëtzung z'iwwerpréifen. Doduerch wier besser ze gesinn, mat wiem een et ze dinn huet. Merci. De Server huet a leschter Zäit nees Gierksphasen (nach keen Artikel do), bei deenen en eng gewësse Misanthropie (nach keen Artikel do) net ze verkennen ass --Cornischong 08:53, 29 September 2006 (UTC)