Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Mee

Vu Wikipedia

Rassistesch Schäisserten an den Dénge gekroch[Quelltext änneren]

Gëscht krut een, dee verwonnert war, datt hei keen Artikel iwwer d'Oktav an iwwer den Oktavsmäertche steet, geschriwwen "Meckeren ass gutt, awer besser maachen ass nach besser."
Haut kritt een, den 158.64.62.1, deen an engem (no menger Meenung no) debilen Artikel ë. a. geschriwwen huet (um 9.44) "Och een dommen Portugies, de Pedro Nunes Maria dos Santos, as Member vun der Klass" duerno (!!!) "Soss nach e schéinen Dag gewënscht" De Logik-Artikel vun deem Megalophas steet nach ëmmer do. An dobäi krut e schonns virdrun "E schéinen Dag," gewënscht an "merci, dass de hei matschaffe wëlls!" gesot.
Ech wënschen deem och eppes, schreiwen et awer net heihin. --Cornischong 08:55, 3 Mee 2007 (UTC)


Zwar kee Moien a keen Äddi awer trozdeem eng Bemierkung.
Dës IP mécht zënter 2005 Blödsinn. Firwat ass da bis elo näischt ënnerholl ginn. Les Meloures 09:23, 3 Mee 2007 (UTC)
Moien, ech hat dee "Première" (!)-Artikel net gesinn. Offensichtlech ass déi IP net ee User, mee e Computer an engerm Klassesall. Meng Commentairen hu sech op dee Basketsclubs"artikel" bezunn an un dee geriicht, deen e geschriwwen huet. Wat erëm eng Kéier weist, datt et schwéier ass, bei IPen dee "richtegen" ze geroden, wann een him wëll schreiwen oder e spären. --Z.
Hu mer dann héi kéng moyene fier eraus ze fanne weem séng IP daat ass? Wann et séch em éng Schoul handelt gët et och e Responsabele dee kontaktéiert gi kann. Nët dass daat onbedéngt hëlleft, mee wann déi wessen dass ee bestemmte Computer öfters (daat héi ass nach nët oft am verglach zu IP ob der englescher Wikipedia) fier vandalismus genotzt gët kënnen se do kucken eraus ze fanne ween den Toppert oder d'Topperte sinn. Déi Schould wëllt sécher och nët héi mat all hieren IP gespärt ginn (nët dass se onbedéngt esouvill Interesse un der Lëtzebuescher Wikipedia hunn).--Caranorn 11:53, 3 Mee 2007 (UTC)

Voilà:
IP:158.64.62.1
ISP: FONDATION RESTENA
Domain: SOMEONE.LCD.LU
--Fliedermaus 17:12, 3 Mee 2007 (UTC)

Kallenner ob der Haaptsait[Quelltext änneren]

Soot, fonktioneiert deen? E waist haut de Freideg de 4. Mee 2007 un.--Caranorn 11:22, 6 Mee 2007 (UTC)

Gudde Moien just wéinst der Heiflechkeet.

Soot e fonktionnéiert. Bei mir weist e richteg unn. Les Meloures 11:38, 6 Mee 2007 (UTC)

An eis Euroen?[Quelltext änneren]

Déi, déi net esou dacks hei sinn, wäerten nach net gemierkt hunn, datt vum 30. Abrëll un eis Eurosmënze verschwonne sinn ( Belsch Euromënzen, Euromënze vu San Marino a.s.w. ). Waarde mer, datt ee se zréckbréngt? --Cornischong 07:15, 6 Mee 2007 (UTC)

Ech hu mer den Historique an de Läschungslog ugekuckt, do ass keng Zeil driwwer ze fanne wat mat dene Biller geschitt ass. Wei seet de Preis, ech si "ratlos". Waren déi op Commons? Wa jo misst opmannst vu Commons aus eng Matdeelung do stoen, datt d'Bild geläscht gouf... --βρισεισDisk 21:01, 6 Mee 2007 (UTC)


E schéine gudden Owend op d'Donau. Jo, déi waren op de Commons. An do ass e Gescheiten op d'Iddi komm, fir déi ze läschen. De Grond liicht natierlech jidderengem an, fir datt se net solle mat den original Euroe verwiesselt solle ginn! Déi fäerte wuel, ee géif déi Biller op e Stéck Kartrong pechen an domat an de Cactus akafe goen. Mär sinn déi Männien vun de Commons scho laang genuch op de Sak gaangen mat hirem Läschen. Zwee Joer waren d'Euroen an der Rei. Lo op eemol hu mer (an net mär eleng) eidel Säiten. Wéi ech et shcnns gepriedegt hunn, wien nach Biller cun de Commons eriwwerlinkt, ass selwer Schold. A wien der drop setzt wäert jo mierken, op wat e sech agelooss huet. An eis léif Transmuselaner forcéieren hier Fans, fir méiglechst alles op d'Commons eropzelueden. Mär hunn der nach vun do!!! Stréckt se un, Kanner! --Cornischong 21:52, 6 Mee 2007 (UTC)
Um 00:18 hunn ech emol eng " svg "-Versioun vun engem EURO opgelueden. Gesäit jiddereen déi? Kritt jidderee se op? --Cornischong 22:22, 6 Mee 2007 (UTC)

An eis Billien ?[Quelltext änneren]

An elo läschen an ersetzen d'Commonisten och nach eis Billien an der Portaler, well déi mengen datt d'svg Format besser wier. D'svg-Format huet ee grousse Virdeel, mee eleng déi Manéier, wéi déi hantéieren, dreift mär d'Dronkenellen aus. --Cornischong 22:00, 6 Mee 2007 (UTC)

En Häerz fir de RayBrujo a seng Albumen[Quelltext änneren]

Mer sinn natierlech houfreg, datt de User ReyBrujo kee Wuert Lëtzebuergesch kann, sech awer trotzdeem net dovun ofhale léisst fir seng Kontabilitéit hei ze publizéieren: User:ReyBrujo/Dumps/20070429/Sites linked more than 10 times, User:ReyBrujo/Dumps/20070429/Articles with more than 10 external links, User:ReyBrujo/Dumps/20070429, User:ReyBrujo/Dumps, User:ReyBrujo/Dumps/Archive. Wat dee ganze Kabes eis bréngt, ass mär nach ëmmer net kloer. Geheie mer deen eréischt eraus, wann e seng Cactus-Bonge fir Bueddicher hei drapecht, oder maache mer deem Zirkus sou lues en Enn? Mär geet dat op allefall elo schonn duer. --Cornischong 07:41, 7 Mee 2007 (UTC)

Wann ech dem Shakespeare säi "language" besser schwätzen a schreiwe kéint, da géif ech den User:ReyBrujo mol op englesch froen firwat en esou frou ass mat de Lëtzebuerger. Well ech dat awer net kann (mea culpa), proposéiern ech dass vläicht en aneren emol Kontakt mat him ophëlt. Wann dobäi näischt erauskënnt, da kënne mer en nach ëmmer liquidéieren. --Pecalux 08:56, 7 Mee 2007 (UTC)
Sou rabbelkäppeg dat sech hei liest: Ech hunn es genuch mat deenen, déi sech hei breetmaachen ouni een eenzegt Wuert Kommentar, eis mat Hëllef vun enger Schabloun zielen, datt se kee Wuert Lëtzebuergesch verstinn an dann hir Valiss auspaken. Wann ech mech an enger "friemer" Wiki weisen, deenen hir Sprooch ech net verstinn, da probéieren ech et an enger universeller, déi ech kennen an erklären deenen, datt ech hier leider net schreiwe kann. D'lb-Wiki leeft op Lëtzebuergesch. Du brauchs keng Scholdgefiller ze hunn wéinst dengem Englesch, well dat hei eigenlech keng Roll spillt. Mer haten deeës Gedeesems scho genuch. Merci fir deng Äntwert, dat ass hei seele genuch. Da raumen ech emol.--Cornischong 09:17, 7 Mee 2007 (UTC)
Salut
War am Ännerungskonflikt mat dem Cornischong, hunn duerno gemierkt, datt scho geraumt gouf, wat ech och wollt proposéieren. Les Meloures 09:26, 7 Mee 2007 (UTC)
Ech hätt seng Säit stoegelooss. Op den éischte Bléck gesäit ët no engem fuerchtbare Kauderwelsch aus. Mee da kucke mer méi genee: hien ënnersicht d'Linken op extern Säiten, déi ët op eiser Wikipedia gëtt. Wann do 10 mol e Link op Restena, Cactus oder wat och ëmmer ass, sou sinn dat richteg Linken op normal Säiten. Ët ass awer och schonn dacks virkomm (och op anere Wikien), datt sech Leit ameséieren, einfach e Link op iergendeng Reklamme-Säit derbäi ze setzen. Dëst erfaasst hien natierlech och. Wann do z.B. eppes wéi bestpricesinalltheworld.com (nëmmen e Beispill :)) op op mannst 10 Säite verlinkt ass, sou ass dat keen externe Link, dee mer eis wënschen.

--βρισεισDisk 11:52, 7 Mee 2007 (UTC)

Gudde Moien
Am Fall wou dat wierklech wichteg ass, wier da gutt, datt mer géifen wësse, wat genee wichteg do dran ass, an op mer dat net op eng aner Manéier erausfanne kënnen. Wann deen et fäerdeg bréngt misst mir dat jo och kënnen.
Et hat bis elo warscheinlech nach kee sech de Kapp dodriwwer zerbrach, mee dat wir eng Méiglechkeet fir all déi Säiten déi vill extern Linken hunn ze kontrolléieren an déi Onnëtz erauszewerfen.

Les Meloures 12:34, 7 Mee 2007 (UTC)

Och ech fannen et schued datt dem RayBrujo seng Albumen déi ech mir de moien nach gudd ugekuckt hunn a wou interessant Informatiounen ze fanne waren, einfach esou geläscht gi sinn, ouni him Bescheed ze soen (dat ass net dat wat ech déi fein englesch Manéier géif nennen). Ech gesinn zur Zäit och hei (zumindest bei de reegelméissegen Auteuren) keen deen et ouni groussen Opwand géif fäerdeg bréngen déi Lëschten ouni weideres fäerdeg ze bréngen. -Robby 21:57, 7 Mee 2007 (UTC)
Moien,
Emol ofgesinn vun der Diskussioun iwwert d'Notzen oder den Onnëtz vun deene Statistiken: Se goufen op engem registréierte User senger User-Säit "gedumpt" (wéi en et selwer nennt). D'User-Säiten sinn, sou wéi ech se giff definéieren, "perséinlech" Säiten, op deene jiddereen sech virstelle kann a senger Kreativitéit dobäi e bësse fräie Laf ka loossen. Op der lb: ass dat nach relativ bescheiden (do huet emol een de Finnegan's Wake zitéiert, en anere mat latégesche Sprëchelcher doruechter gehäit, nach en anere Lëschte gezwafft, wat e gemaach huet oder wëlles huet, ze maachen), mee op aneschtsproochege Wikien hunn ech der alt gesinn, déi d'Forme vu megalomane Super-Poesiealbum-Autobiographieroman-Linksammlung-vun-Hobbien ugeholl hunn, dacks mat flottem Layout a ville Biller.
User-Säite si jo och optesch an inhaltlesch vun "enzyklopedesche" Säiten (an anaere Wierder: Artikelen) streng getrennt.
Déi Läschactioun wërft deemno zwou Froen op, déi mer diskutéiere sollten, wa sech an Zukunft änlech Fäll stellen (oder och, fir wann de RayBrujo freet, firwat seng Säite geläscht goufen):
  • Ginn et inhaltlech Critèren (oder soll et der ginn), déi bestëmmen, wat op enger Usersäit stoen däerf a wat net (ofgesinn vu Saachen, déi souwisou de Code civil oder de Code pénal verbitt)?
  • Ginn et "technesch" Limitten (maximal x Megabyte) - oder soll et der ginn -, fir datt et net ze "megloman" gëtt?
Är Meenung dozou wier nëtzlech. Well da kënne mer och diskutéieren, ob "net ze wëssen, wat dee Kabes bréngt" Critère genuch ass oder net, fir op engem senger perséinlecher Säit läschen ze goen.
--Zinneke 08:37, 8 Mee 2007 (UTC)

Vläicht gëtt et einfach sproochlech Critèren. Bis elo si mer hei dervun ausgaangen, datt et hei zimmlech lëtzebuergesch zougeet. Mer kënne jo mol testen, an eng hallef Dose Benotzersäiten an der däitschsproocheger oder franséischsproocheger Wikipedia op Lëtzebuergesch ariichten. Wann een, dee soss näischt hei ëmrappt, säin Timberenalbum hei erasetzt, da geséich ech och e Problem. "déi bestëmmen, wat op enger Usersäit stoen däerf" op "enger" Usersäit ass gutt gesot. --Cornischong 09:32, 8 Mee 2007 (UTC)

Gudde Moien
Ech schléisse mech dem Critère vun der Sprooch 100% un. A mengen Aen ass dee primordial.
Ech gesinn och net datt eng Usersäit geläscht gouf. Les Meloures 10:16, 8 Mee 2007 (UTC)

Franséisch Fransousen a Frankräich[Quelltext änneren]

Als Kategoriefetischist huet et mech ganz e bësse gewonnert, datt mer "Séien a Frankräich" hunn, mee "Franséisch Buergen a Schlässer". Firwat hu mer net "Franséisch Séien" a "Buergen a Schlässer a Frankräich"? Dës Fro ass net fir iergendengem op den Déngen ze goen, mee fir mol léieren ze verstoen, no wat fir engem System mer hei fueren. Klärt mech op. --Cornischong 17:50, 7 Mee 2007 (UTC)

Et géif mär och emol näischt ausmaachen, wann ech emol eng Äntwert op meng Kategoriefro krit! --Cornischong 17:59, 7 Mee 2007 (UTC)

Bis ewell gouf nach kee klore System ausgemaach, ët ass bei anere Länner dat selwecht. Soulaang d'Kategorien awer ënner hirem richtege Buschtaw stinn (Franséisch Economie ënner E asw.) gesinn ech momentan do kee gréissere Problem, bon ausser datt ët net homogen ass :) --βρισεισDisk 21:58, 7 Mee 2007 (UTC)

Nom Noliese si mer verschidden Iwwerschrëften opgefall, déi awer effektiv e Sënn hunn, wann se "Franséisch XXX" heeschen, an net "XXX vu Frankräich". Zum Beispill d'Politik, well Frankräich huet jo eng zolitt Partie DOM-TOMen, do gëtt natierlech eng "franséisch Politik" bedriwwen, mee reng geographesch eben net nëmmen "a Frankräich". --βρισεισDisk 22:02, 7 Mee 2007 (UTC)

Halli. Alles an allem hu mer mol nees en neit Portal. An dat ass ëmmer gutt. Gutt Nuecht, Welt a Wien. --Cornischong 22:22, 7 Mee 2007 (UTC)

En Häerz fir Iwwernatierlecher, déi kee Lëtzebuergesch schreiwen[Quelltext änneren]

Lo si mer nees begléckt gi mat engem "auslänneschen Artikel", dem PL Kyodan, an deem Leit missionéiren, déi der Meenung sinn, datt "De Minsch is dus geboren üm sien unieke Individualität in allens wat he deit uttodrücken." Hallelujah. --Cornischong 14:41, 11 Mee 2007 (UTC)

Gudde moien
Datt de Minsch dus gebore is.... asw. ka jo vläicht stëmmen. En huet just vergiess derbäi ze schreiwen datt et och Minsche gëtt déi Toopesch gebor sinn, an ni naischt baijeleeërt han. :-) Les Meloures 14:49, 11 Mee 2007 (UTC)


Bibliographie wéi dohinner ge.....[Quelltext änneren]

Ech hunn zoufälleg mol d'Bibliographie vum Artikel Attentat vu Sarajevo nogekuckt. Do stoungen zwou Quellen dran: Déi eng muss wuel aus de Fangere gesuckelt si ginn, déi aner hat e falschen Auteursnumm an e Buch, dat et schonns "eng gutt Zäitchen" an där Form net méi gëtt, an dat just op e puer Säiten dat Thema behandelt, wat natierlech net derbäi steet. Wann et engem zevill ass, eppes Seréises ze maachen, da soll en d'Bibliographie léiwer si loossen!! Wann e Mënsch heihinner kucke kënnt, fir eppes bäizeléieren, da muss e sech béis veraarscht virkommen, wann en esou en Aarmut fënnt!! --Cornischong 20:01, 16 Mee 2007 (UTC)

Sproochkommunautéiten zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

«die Städte/Gemeinden im französischsprachigen Teil Luxemburgs erscheinen unter ihrer fr. Bezeichnung und die im deutschsprachigen Teil unter ihrem dt. Namen»...a wien hätt dat geduecht :-)

--Fliedermaus 15:45, 21 Mee 2007 (UTC)

Gehopst wéi gesprongen[Quelltext änneren]

Moien,

Mär fällt grad op, dass am Artikel Sprangpressessioun nach keng Foto ze gesinn ass. Well Päischten net méi wäit ewech ass, wollt ech dat, à toutes fins utiles emol hei erënneren...

--Zinneke 10:16, 23 Mee 2007 (UTC) (dee Päischtdënschte kee Feierdag huet).

Alles duebel oder wéi?[Quelltext änneren]

Mär leeschten eis Sammelartikele wéi "Paräisser Muséeën" oder "Parken a Gäert zu Paräis". Bannent deem Artikel gesinn ech Ënnerdeeleungen wéi "Promenaden, Parken a Gäert" Bannent deem Kapitel gi 5 Parken a Gäert beschriwwen. Domat hu mer en Artikel deen Doublette fuerdert, dat heescht vum Prinzip hier wäerten déi Parken allerguer nach en engem eegenen Artikel behandelt ginn. Wëlle mer dat hunn? Gëtt dat e Sënn? Ech fannen dat net. An der de- fr- an en-Wiki fuere se mat enger Lëscht wéi "Liste der Pariser Museen", an deenen stinn d'Linken, fir direkt op den Haaptartikel ze kommen. Wat denkt d'Vollek? --Cornischong 08:04, 2 Juni 2007 (UTC)

Ech schléisse mech dem Cornischong senger Meenung un. Amplaz vum Sammelartikel eng Lëscht mat de néidege Linken an en eegenen Artikel fir all Gebei, Musée, Park oder wat et och ëmmer ass. --Pecalux 15:21, 2 Juni 2007 (UTC)

Déi "Sammelartikele" sinn do, well déi ursprénglech am Artikel zu Paräis selwer waren, deen awer aus allen Néit geplatzt ass, an dofir eenzel erausgezu goufen. --βρισεισDisk 15:42, 2 Juni 2007 (UTC)