Wikipedia:Tour/2

Vu Wikipedia
Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Wann Dir wëllt, kënnt Dir och den automateschen alphabeteschen Index duerchsichen (Am Menu lénks laanscht d'Säit: Alles vun A-Z)

Uewen op der Säit gëtt et d'Textfeld Säite weisen, ugefaange mat. Do kënnt Dir een oder méi Buschtawen aginn. Wann Dir zum Beispill Jean antippt, kritt Dir eng ganz Lëscht mat Artikelen déi mat Jean uginn. Do fannt Dir dann ë. a. Artikele wéi Jean-Ambroise Duvergier de Hauranne awer och de Jeanharishaff. Et gëtt nach eng weider Méiglechkeet, fir an d'alphabetesch Lëscht ze sprangen: D'Alphabetesch Navigatioun ass eng Säit mat alle Kombinatiounen aus dem éischten an zweete Buschtaf.

Thematesch sichen

Wikipedia kann een awer och no Themen duerchbliederen. Zu verschiddenen Theme gëtt et ewell e Portal wat sech exklusiv mat deem Thema verfaasst. E Portal ass eng Säit mat Artikele ronderëm een Thema. Op de meeschte Portalsäite fannt Dir:

  • Hiweiser op nei Artikelen
  • eng thematesch Zortéierung vun den Artikelen déi et scho gëtt
  • eng Lëscht vun Artikelen déi nach net geschriwwe sinn

Op der Wikipedia-Haaptsäit fannt Dir och eng Auswiel vu Portaler. Et gëtt am Moment 14 Portaler op der Lëtzebuerger Wikipedia (Stand Juli 2006), mee et ass bis elo leider net méiglech gewiescht, zu all Themeberäich engagéiert Leit ze fannen, fir en neit Portal opzemaachen.

Kategoriesystem

Dir kënnt natierlech och iwwer d'Haaptkategorie fueren. Bei villen Artikele fannt Dir um Schluss eng Zeil déi ongeféier sou ausgesäit:

Dat ass d'Kategorie (et kënnen der och méi sinn), an déi den Artikel aklasséiert gouf. Wann Dir op den Numm vun der Kategorie klickt, kommt Dir op eng automatesch zortéiert Lëscht vun allen Artikelen, déi et an dëser Kategorie ginn. Dacks gëtt et uewen an där Lëscht och Linken op Ënnerkategorien (déi eenzel Ënneraspekter vun där Kategorie regruppéieren) Zousätzlech ass praktesch all Kategorie ënnen op der Säit verknëppt mat enger (oder méi) méi allgemenger Kategorie (D'Kategorie "Kinnke vu Frankräich" leet an der Arboreszenz no erop op d'Kategorie:Kinneken an d'Kategorie:Geschicht vu Frankräich. D'Kategorie "Geschicht vu Frankräich" hirersäits leet dann erop op d'Kategorie:Geschicht vun Europa an d'Kategorie:Frankräich, asw).

Sou kënnt Dir Iech en Iwwerbléck iwwer e Fachgebitt verschafen.

Weider mam Tour