Wikipedia:Tour/3

Vu Wikipedia
Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Iwwer d'Sich, den Index, e Portal oder eng Kategorie sidd Dir elo bei engem Artikel ukomm - a wat elo ? Un dëser Plaz wëlle mir nach emol e puer Wierder zum Konzept vun der Wikipedia verléieren.

Wikipedia ass eng Enzyklopedie, déi net vun enger bezuelter Redaktioun, mee vu Fräiwëllegen an engem oppene Redaktiounsprozess geschriwwe gëtt. All Artikel kënnen ouni Umellung vu jiddwerengem geännert ginn - zum Gudde wéi zum Schlechten. Souwuel theoreetesch wéi och praktesch ass et zu jiddwer Zäit méiglech, an e Wikipedia-Artikel Kabes ze schreiwen (Nee, Dir musst dat elo net ausprobéieren, benotzt dofir wgl. d'Sandkaul). Trotzdem besteet Wikipedia an hirer Majoritéit net aus Blödsinn, mee aus Artikelen, déi ee gebrauche kann, an déi deelweis souguer enger kommerzieller Enzyklopedie d'Waasser reeche kënnen. Problematesch bleift: et kann ee sech ni ganz sécher sinn, op deen Artikel deen ee virun sech huet, vun engem Meeschter vum Fach geschriwwe gouf, oder ob e gelangweilte Schüler an der Info gerued Zuelen duerchenaner gehäit hutt - oder béides.

Vill Leit schléissen doraus, datt d'Wikipedia als Noschlowierk näischt daacht. Dës schécke mir op dëser Plaz mat beschte Gréiss eng Dir weider. Fir de Rescht erkläre mir am follgende Kapitel, wéi Dir d'Qualitéit vun engem Artikel op der Wikipedia aschätze kënnt. (Am Viraus sief gesot, datt de Wiki-Prinzip et méi einfach mécht, Kabes nees erauszehuelen, wéi Kabes ze verzapen - Vandaler ginn et meeschtens séier nees op an déi meescht Artikelen op der Wikipedia si vu gudder Qualitéit.)

En Artikel beuerteelen

  • Préift d'Fakten, éiert Dir se an engem wichtegen Zesummenhang benotzt. Et schued och ni, verschidde Sourcen ze benotzen.
  • Liest den Artikel mat engem klore Kapp - ass den Inhalt an sech stëmmeg ? Ass en an engem gudde Lëtzebuergesch an engem gudde Stil geschriwwen ? Da passt an der Reegel och dat wat drasteet.
  • Liest d'Diskussiounssäit zum Artikel duerch (Link "Diskussioun" uewen an der Säiteläischt). Gëtt den Artikel do kritiséiert ? Gëtt ëm den Inhalt gestridden ? Da musst Dir virsiichteg sinn. Bei verschiddenen Artikele fannt Dir och en ausféierleche Review op der Diskussiounssäit mat Kommentaren zum Artikel. Dat ass en Zeechen dofir, datt sech schonn e puer Wikipedia-Auteure mam Artikel befaasst hunn.
  • Geheit e Bléck an d'Versiounsgeschicht (Link "Versioune weisen" uewen an der Säiteläischt). Do gesitt Dir, wéivill Leit - anonym a registréiert Benotzer - schonn un dësem Artikel geschafft hunn. Bei de Benotzer déi ugemellt sinn, kommt Dir iwwer e Klick op hire Spëtznumm op hir Benotzersäit. Do kënnt Dir méi iwwer den Auteur erausfannen, zum Beispill op hie vum Fach ass. Vill stellen sech op hirer Benotzersäit kuerz vir.
    Am Historique kënnt Dir d'Entwécklung vun all Artikel mat all Ännerung verfollegen. Wann Dir do Kommentare wéi revert oder op eng eeler Versioun zréckgesat fannt, dann ass dëst en Zeechen, datt et Sträit ëm den Inhalt gouf - dacks weist et och nëmmen datt dësen Artikel prominent genuch ass, fir Vandaler unzezéien. Dir kënnt och Versioune vergläichen an da selwer entscheede, wéi enger Versioun Dir traue wëllt. Vandalismus hält sech meeschtens net laang, well d'Administratore vun der Wikipedia meeschtens oppassen an sou Agrëffer séier nees réckgängeg maachen.
  • D'Noriichten iwwer engem Artikel sinn zwar an der Reegel fir d'Mataarbechter geschriwwen, mee si kënnen och de Lieser nëtzlech Informatioune ginn. Wann et do zum Beispill heescht D'Neutralitéit vun dësem Artikel ass ëmstridden, muss een oppassen. Den Inhalt verstéisst dann an der Reegel géint d'Grondsätz vun der Wikipedia.


Weider am Tour