Wikipedia:Tour/1

Vu Wikipedia
Wikipedia-Tour
zréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider

Wann Dir scho Bescheed wësst, no wat Dir siche wëllt, da fannt Dir déi passend Informatiounen am séiersten iwwer d'Sich an der Säiteläischt lénks:

1. An d'Textfeld gitt dir e Stéchwuert an, iwwer dat Dir gär méi gewuer gitt. Tipp: Mat der Tastekombinatioun Alt-F spréngt de Maus-Cursor direkt dohin (funktionéiert net mat Opera).

Fir déi meescht Artikelnimm benotzt Wikipedia d'Eenzuel. Wann Dir eppes iwwer Seefeblose sicht, da sicht no Seefeblos. Nëmme wann d'Eenzuel net dacks gebraucht gëtt, wéi zum Beispill bei den Olympesche Spiller, gëtt de Plural benotzt. Och biologesch Gattungsnimm stinn am Plural.

2a. Klickt op Lass, wann Dir direkt op den Artikel iwwer Äert Stéchwuert sprange wëllt. Wann et den Artikel net gëtt, dann duerchsicht Wikipedia automatesch all Artikelen nom Stéchwuert.
2b. Mat engem Klick op Sichen kënnt Dir all Artikelen op der Wikipedia nom Stéchwuert ofsichen.


Weider mam Tour