Wikipedia:Interface/Säiten
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Wikipedia:Nummraum)
Nieft den normalen Artikelsäite kennt d'Wikipedia och nach Nummraim. Dat ass e Konzept fir d'Gruppéiere vu Säiten no hirem Zweck (z. B. als Benotzer-, Diskussiouns- oder intern Wikipediasäiten). Den Nummraum ass e Prefix, dee mat engem Doppelpunkt virum eigentleche Säitentitel steet (z. B. Wikipedia:Interface/Säiten ass eng Säit aus dem Nummraum "Wikipedia"). Sou gi Konflikter tëscht Nummraum-Artikeltitele verhënnert.
Bekannt Nummraim bei Wikipedia sinn:
- <keen:> den normalen Enzyklopedieberäich
- User oder Benotzer: eng perséinlech Säit, wéi se all Benotzer eng huet
- Talk oder Diskussioun: eng Diskussiounssäit vun enger Säit, déi schonn existéiert
- Image oder Bild: Informatiounen zu engem Bild
- Category oder Kategorie: enthält Kategorien
- Wikipedia: de Metaberäich vun der Wikipedia (Intern Säiten, Konventiounen, etc.)
- Special oder Spezial: automatesch generéiert Spezialsäiten
- Template oder Schabloun: enthält Textbausteng, déi een an Artikelen abanne kann
- Portal: enthält Portalsäiten, déi Iwwersiichten iwwer eenzel Themeberäicher bidden
- Hëllef: technesch Hëllef iwwer d'Wikipedia-Software MediaWiki, dacks och fir d'generell Hëllef iwwer d'Wikipedia mëssbraucht
- MediaWiki: enthält d'Texter vun der MediaWiki-Software, mat deene sech d'Messagen an de Format vun der Wikipedia-Benotzeruewerfläch upasse loossen
Säiten an Nummraim kann ee wéi all aner Säiten och opmaachen a verlinken.