Wikipedia:Wat ass e Benotzerkont
Dës Säit weist iech d'Vir- an Nodeeler wann der Iech entscheet e Benotzerkont opzemaache fir op der Wikipedia matzeschaffen.
Pseudonym
[Quelltext änneren]
Wann Dir e Benotzerkont opmaacht, musst Dir e Benotzernumm wielen (normalerweis "Pseudonym" genannt). Allgemeng gëtt geroden, als Pseudonym net Äre richtegen Numm ze huelen. D'Benotze vun Ärem richtegen Numm kann nämlech zu Problemer féieren, wann et z. B. aner Leit mam selwechten Numm gëtt an och well et e Verdacht op Identitéitsklau opwerfe kann, well net iwwerpréift ka ginn, ob Dir wierklech dee sidd fir deen Der Iech ausgitt.
Déi bescht Benotzernimm si gemenkerhand :
- e Pseudonym, deen Dir am Internet dacks benotzt, oder
- e Pseudonym, deen Dir just fir d'Wikipedia gebraucht.
Et ass recommandéiert, datt Dir e Benotzernumm wielt, mat deem Dir Iech wuel fillt, deen aner Mataarbechter gär gesinn, a mat deem se gär zesummeschaffen. E kontroversen Numm ännert d'Perceptioun vun Iech vun anere Mataarbechter, kann Är Glafwierdegkeet reduzéieren an d'Leit gleewe loossen, datt Är Bäiträg parteiesch sinn (wann Der zum Beispill "Hitler" oder "JFK" wielt).
Et gëtt deemno geroden, Follgendes ze vermeiden:
- Nimm vu politeschen an aneren ëffentleche Perséinlechkeeten, bekannte militäreschen oder reliéise Figuren oder souguer Eventer;
- all aner potenziell beleidegend oder aggressiv Nimm, wéi z. B.
- Nimm déi d'Ënnerstëtzung fir eng oder d'Oppositioun géint eng politesch Figur ausdrécken,
- Nimm déi fir oder géint eng Aktioun sinn,
- …
Déi Lëscht hei driwwer ass net onbedéngt komplett.
Net erlaabt am Benotzernumm sinn ë. a. dës Zeechen: @ # < > : / | [ ] = § °.
Anonymat a perséinlech Informatiounen
[Quelltext änneren]Wann Dir e Benotzerkont uleet, sinn déi eenzeg Informatiounen déi aner Leit iwwer iech gewuer ginn déi, déi Dir fräiwëlleg selwer verrot. Beim Ännere vun engem Artikel gesäit een äre Pseudonym, weeder är IP-Adress nach Är E-Mail Adress oder soss eng Donnée.
Wann der e Kont opmaacht, gitt der fakultativ eng E-mail Adress gefrot. Dës Adress ginn déi aner net gewuer. Eenzeg Ausnam: Wann Der d'Funktioun Dësem Benotzer eng E-Mail schécken benotzt, gesäit deejéinegen deem der eng Mail schreift, är Adress. Dëst erméiglecht him einfach nëmmen iech z'äntweren.
Remark:
Fir verschidde Leit (ë. a. Moderatoren) ass et méiglech är IP-Adress erauszefanne wann der e Benotzerkont hutt. Mä déi Informatioune ginn net un Drëtter oder un aner Benotzer viruginn. Dës Informatioune ginn haaptsächlech benotzt fir géint Vandalismus virzegoen.
Informéiert Iech am Detail wéi Är Donnéeë vun der Wikimedia Foundation veraarbecht ginn. Kuckt dofir d'Dateschutzbestëmmunge vu Wikimedia souwéi d'FAQ zu dëse Bestëmmungen.
Dem Benotzer seng Säit an Diskussiounssäit
[Quelltext änneren]All registréierte Benotzer huet een eng perséinlech Säit Benotzer:(Äre Pseudonym) zur Verfügung an och eng Diskussiounssäit Benotzer Diskussioun:(Äre Pseudonym). Op der éischter, déi just de Benotzer selwer ännert, kann hien allméiglech Informatiounen iwwer sech selwer draschreiwen, ouni datt hien dofir misst säi richtegen Numm oder soss privat Informatiounen erausginn. Minimal Informatioune sinn z. B. d'Sproochen déi de Benotzer schwätzt an/oder versteet.
D'Diskussiounssäit ka vu jidderengem g'ännert ginn, fir z. B. dem Benotzer e Message ze hannerloossen. Einfach op der jeeweileger Benotzersäit lénks uewen op der Reider Diskussioun klicken, oder am Historique direkt nieft dem Benotzernumm op de Link Diskussioun klicken.
Virdeeler vun engem Benotzerkont
[Quelltext änneren]Biller eroplueden
[Quelltext änneren]Ee vun den Haapt-Virdeeler ass, datt de registréierte Benotzer Biller eropluede kann.
Kontributiounslëscht
[Quelltext änneren]Vu datt de Benotzerkont unique ass, kann een och bei all Benotzer seng eege Lëscht mat de Kontributioune kucke goen. Eng IP Adress ass awer net onbedéngt unique a gëtt dacks vu méi Benotzer gedeelt, sou datt eng richteg Lëscht vu Kontributioune vun enger bestëmmter Persoun net sou einfach ass.
Iwwerwaachungslëscht
[Quelltext änneren]D'Iwwerwaachungslëscht erlaabt et dem registréierte Benotzer ausgewielte Säiten z'iwwerwaachen an esou e kamouden Iwwerbléck ze kréie wat fir Ännerungen do gemaach goufen.
Meng Astellungen
[Quelltext änneren]Ënnert Astellungen ass et méiglech fir eng ganz Rëtsch personaliséiert Astellungen an Optioune festzeleeën. Déi wichtegst sinn hei resüméiert.
Benotzeruewerfläch
[Quelltext änneren]En ageschriwwene Benotzer ka verschidde Saachen u Wikipedia ännere wéi zum Beispill d'Ausgesinn oder de skin vun der Benotzeruewerfläch (Interface). Am meeschte gebraucht gëtt Vector (2022) oder déi al Versioun dovun, Vector 2010 (Legacy). Mat dësen Astellunge, kann een astelle wéi engem seng perséinlech Wikipedia-Uewerfläch ausgesäit: bei der aler Versioun (2010) gëtt et z. B. eng Geschier-Läischt op der lénker Säit an eng Navigatiouns-Läischt uewen op der Säit.
Déi nei Versioun bitt eng besser Navigatioun; den Header vun der Säit bleift ëmmer siichtbar, och wann een no ënne scrollt. D'Inhaltsverzeechnes an engem Artikel gëtt lénkssäiteg ugewisen (net méi uewen am Artikel), am Sichen-Feld gëtt nieft de Resultater och e Miniaturbild ugewisen, asw.
Rezent Ännerungen, Iwwerwaachungslëscht
[Quelltext änneren]Al registréierte Benotzer kann een d'Optiounen astelle vun deem, wat ënnert de „Rezent Ännerungen“ an an der „Iwwerwaachungslëscht“ gewise gëtt
Verschiddenes
[Quelltext änneren]Verschidden aner Astellunge wéi „Gadgeten“, „Banneren“, „Beta-Funktionalitéiten“ an „Notifikatiounen“ kenne personaliséiert ginn.
Kuckt och
[Quelltext änneren]- Temporäre Kont mat enger Vergläichstabell tëscht dem Benotzerkont an dem temporäre Kont
