Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Interface/Säiten

Vu Wikipedia

Nieft den normalen Artikelsäite kennt d'Wikipedia och nach Nummraim (en. namespace). Dat ass e Konzept fir d'Gruppéiere vu Säiten no hirem Zweck (z. B. als Benotzer-, Diskussiouns- oder intern Wikipediasäiten). Den Nummraum ass e Prefix, dee mat engem Doppelpunkt : virum eigentleche Säitentitel steet (z. B. Wikipedia:Interface/Säiten ass eng Säit aus dem Nummraum "Wikipedia").

Beispiel: [[Benotzer:Zinneke]] ass eng Säit aus dem Nummraum „Benotzer“, an dann ass „Zinneke“ den Numm vum entspriechende Benotzer. Do dernieft gëtt et och den Artikel Zinneke, dee sech mat enger bronze Statu zu Bréissel befaasst. Sou ginn z. B. Konflikter tëscht dem Benotzer-Numm an dem Artikel-Numm verhënnert.

Bekannt Nummraim bei Wikipedia sinn:

Nummraum Erklärung
<keen:> den normalen Enzyklopedieberäich.
User: oder Benotzer: Benotzersäit, wéi all Benotzer eng huet, inklusiv senger Diskussiounssäit.
Talk: oder Diskussioun: Diskussiounssäit vun enger Säit, déi scho besteet.
Image: oder Bild: Informatiounen zu engem Bild.
Category: oder Kategorie: enthält Kategorien.
Wikipedia: de Metaberäich vun der Wikipedia (intern Säiten, Konventiounen, asw.).
Special: oder Spezial: automatesch generéiert Spezialsäiten.
Template: oder Schabloun: enthält Textbausteng, déi een an Artikelen abanne kann.
Portal: enthält Portalsäiten, déi Iwwersiichten iwwer eenzel Themeberäicher bidden.
Hëllef: technesch Hëllef iwwer d'Wikipedia-Software MediaWiki, dacks och fir d'generell Hëllef iwwer d'Wikipedia mëssbraucht.
MediaWiki: enthält d'Systemmessagë vun der MediaWiki-Software, mat deene sech d'Messagen an de Format vun der Wikipedia-Benotzeruewerfläch upasse loossen.

D'Säiten an den Nummraim kann ee wéi all aner Säiten och opmaachen a verlinken.