Wikipedia:Tour/4
Ausgesinn
| Wikipedia-Tour | ||
| zeréck | 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | weider |
Vläicht geet Iech d'Informatioun vun deem engen Artikel net duer, vläicht huet en och onzouverlässeg gewierkt, an Dir wëllt weider Informatiounen zum Thema fannen. Am Allgemengen huet en Artikel Begrëffer, zu deenen aner, eegen Artikel existéieren. An engem Lexikon aus Pabeier sinn déi meeschtens mat engem Feil (→) markéiert. An enger elektronescher Enzyklopedie geet et méi elegant: Dir kënnt iwwer e Link direkt op deen Artikel sprangen. Déi verschidde Linken ënnerscheede sech duerch hir Faarf:
- Blo Linken
- féieren Iech op en Artikel deen et scho gëtt. Linken op Artikelen déi Dir scho gekuckt hutt, si liicht méi däischter.
Beispill fir e Link op en aneren Artikel: Walfer.
- Rout Linken
- weisen Iech en Artikel, deen nach net geschriwwe gouf. Wann Dir Iech mam Thema auskennt, kënnt Dir e selwer schreiwen.
Beispill: Dësen Artikel gëtt et nach net. (Wgl. dësen Artikel awer elo net uleeën!).
- Linke mat engem Feil
- féieren Iech op eng Websäit baussent der Wikipedia.
Beispill: Wiktionary.