Op den Inhalt sprangen

Wikipedia Diskussioun:Verbesserungslëscht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Sujet derbäisetzen
Vu Wikipedia
Leschte Kommentar: viru(n) 9 Joer vum Les Meloures am Sujet Driwwer getrollt

Driwwer getrollt

[Quelltext änneren]

Moien,

Mir hu Presenz (DLW, DFL) a Präsenz a Presence (LOD) - bei eis haaptsächlech Presenz

Den LOD ass sech einfach net konsequent well e seet och President, Present, presentabel, precoce etc.

Da schreiwe mir jiddesch, de LOD an och de Lex Roth benotze jüddesch --Jwh (Diskussioun) 22:00, 21. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren

Den DFL gëtt judäesch, jüdesch a jiddesch un.

Dommerweis schéngt et wéi wann den LOD heiansdo am Laf vu senger Evolutioun d'Meenung geännert huet an op Nofro déi komescht Argumenter Dësch bruecht huet. Eent ass z.B datt een zesummegesat Wuert bei deem et eent vun den eenzelne Wierder net gëtt an iwwerall anescht geschriwwe gëtt, beim LOD sou geschriwwe gëtt, well wann et dat eenzelt Wuert géif ginn, da géif et sou geschriwwen. No der Regel vun der Upassung un dat däitscht Schrëftbild gouf net gekuckt. (Eng Rei vu Linguisten deelen déi Meenung allerdéngs net, mä si schaffen net mam LOD zesummen) Eng Nofro beim LOD fir déi rezent Ännerunge vum Sproochekommitee op déi e sech berifft mol zougestallt ze kréien si bis lo am Sand verlaf, grad sou wéi Bemierkungen iwwer Wierder déi an hirem Repertoire feelen. --Les Meloures (Diskussioun) 06:52, 22. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Moien,
Mam Prä/Pre spréngt den DLW grad sou hin an hir wéi de LOD.
Judäesch schéngt mir éischter an d'Bibel ze gehéieren, jüddesch vum LOD a Lex Roth wärt da wuel de Kompromiss mam DFL sinn...
En opgeklärten Absolutismus wier vläit ubruecht... --Jwh (Diskussioun) 09:18, 22. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Dem Lex ass et zimmlech egal wéi eppes geschriwwe gëtt soulaang wéi et Lëtzebuergesch ass. Hien huet sech haaptsächlech fir de Gebrauch vun der Sprooch agesat a manner fir d'Schreifweis. :-) --Les Meloures (Diskussioun) 09:24, 22. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Soulaang wéi déi rezent Rekommandatioune vum Sproochkommitee net verëffentlecht sinn hu mer näischt Konkretes op wat mir ons baséiere kënnen a mir kënnen ons da just un déi al halen. Mer wäerten nach e puer Kultur- a Bildungsministeren op- an ofgesat hunn bis dat méi duerchsiichteg gëtt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:31, 22. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren