Op den Inhalt sprangen

Wikipedia Diskussioun:WikiProjet Stroossennimm

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, sollt een dann net vläicht och Nimm vu Plaze mat dran huelen? --Les Meloures (Diskussioun) 12:43, 3. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]

Jo, natierlech.
An nëmmen déi hei opschreiwen, déi am Ament vum Androen op dëser Säit nach keen Artikel hunn.--Zinneke (Diskussioun) 19:33, 3. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
Et wier och flott eng Lëscht vun all dëse Perséinlechkeeten ze hunn, a wou eng Strooss oder Plaz no hinne benannt ass. Sultan Edijingo (Diskussioun) 20:01, 3. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
Dat wieren der Honnerten (hei sti jo just déi ouni Artikel). Ech wëll keen zréckhalen, sou eng Lëscht ze maachen, ma fir d'éischt emol Artikelen zu deen Leit ze hunn, schéngt mer dach méi wichteg/nëtzlech: Et sicht éischter een dono, weeen eng bestëmmt Persoun war a wat déi gemaach huet fir dass eng Stroos no hir genannt gouf, wéi dono, a wat fir enger Uertschaft et en Odonym zu enger Persoun gëtt... Zinneke (Diskussioun) 21:47, 3. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
Fir se séier erëmzefannen kéint ee vläicht bei deene Persounen eng Kategorie uleeën: Persounen no deenen eng Strooss oder eng Plaz zu Lëtzebuerg genannt ass. --Les Meloures (Diskussioun) 16:52, 4. Sep. 2024 (UTC)[äntweren]
> hei ass se: Kategorie:Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass.