Wikipedia op Lëtzebuergesch
Lb-Wiki - Entwécklung vun der Zuel vun den Artikelen |
Entwécklung vun der Zuel vun den Artikelen op dëser Wikipedia tëscht dem 21. Juli 2004 an dem 1. Juli 2022 |
D'Wikipedia op Lëtzebuergesch (oder och: Lëtzebuergesch Wikipedia) ass d'Versioun a Lëtzebuerger Sprooch vun der Online-Enzyklopedie Wikipedia. Si gouf am Juli 2004 kreéiert.
Ablécklech gëtt et genee 64.832 Artikelen op dëser Wikipedia-Versioun.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Initiativ vun enger lëtzebuergescher Versioun vu Wikipedia goung op d'Benotzerin Briséis zeréck, déi am Juli 2004 d'Versioun lb.wikipedia.org bei der Wikimedia Foundation ugefrot an d'Text-Coden, z. B. fir d'Navigatioun, iwwersat huet. Den éischten Artikel ("Wikipedia") goung den 21. Juli 2004 um 10:57 online (1. Versioun: [1]). Et koumen no: Enzyklopedie um 15:42 (1. Versioun: [2]), Geschicht (15:54; 1. Versioun: [3]), Herodot (21:09; 1. Versioun: [4]) a Matthew Perry (22:15, 1. Versioun: [5]).
Zanterhier kommen an der Moyenne eng 8 Artikelen den Dag bäi.[1] Den 10. September 2004 waren déi éischt 1.000 Artikele beieneen, an den 23. Juli 2006 gouf deen 10.000. Artikel ugeluecht.[2]
Am Juli 2014, fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch, gouf d'Zuel vun zirka 41.400 Artikelen erreecht. Am Summer 2014 gouf op den 10. Gebuertsdag duerch en adaptéierte Wikipedia-Logo higewisen. Den 10. September 2017 gouf de 50.000sten Artikel geschriwwen. Bis zu hirem 20. Gebuertsdag, dem 21. Juli 2024, ware genee 63.554 Artikele geschriwwe ginn.
„Aktiv Benotzer“ (d. h. déi, déi op d'mannst eng Ännerung am Mount maachen) sinn et der op der lëtzebuergescher Wikipedia am Ament 74; där, déi méi wéi 5 Ännerungen am Mount maachen, an der Moyenne knapps 30, a „ganz aktiv“ (d. h. déi, déi méi wéi 100 Ännerungen am Mount maachen) sinn et ëm déi aacht.[1] Déi imposant Zuel vu registréierte Benotzer – 64.803 – erkläert sech doduerch, dass déi allermeescht dovu Leit sinn, déi iwwer e globale Benotzerkont op alle Sproochversioune vu Wikipedia ugemellt sinn, och wa se nëmmen op enger oder e puer dovun aktiv sinn (an deemno nëmmen e Brochdeel dovun op dëser hei).
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Logo fir den 10. Gebuertsdag vun der Wikipedia op Lëtzebuergesch
-
Logo fir déi 20 Joer.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Mika Wagner: "Wikipedia "op Lëtzebuergesch"." In: Luxemburger Wort vum 1. September 2014, S. 11; och op wort.lu: "Zehn Jahre Wikipedia "op Lëtzebuergesch"."
- Jesscia Oé: ""Informationswelt auf Luxemburgisch." tageblatt.lu, 11. September 2017.
- Cheryl Cadamuro, "Wëssen fir jiddwereen, 20 Jahre Wikipedia", Revue, Nr 05, 3. Februar 2021, S. 46-49.
- Marc Thill: "Wikipedia Luxemburg: Das digitale Gedächtnis des Landes." wort.lu, 15.10.2024; an der Pabeierversioun als "Luxemburgs digitales Gedächtnis", in: Luxemburger Wort Nr.242 (176 Jg.), 15.10.2024, S.39, an an der englescher Iwwersetzung vum Kabir Agarwal als "The unsung heroes of Luxembourg’s online knowledge hub" op luxtimes.lu, 20.10.2024.
- Jean-Louis Gindt: 20 Joer Wikipedia a Lëtzebuerger Sprooch", nos cahiers, 4, 2024, S. 33-40.
- Tom Diderich: Wikipedia op Lëtzebuergesch", nos cahiers, 4. 2024, S. 41-60.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wikipedia op Lëtzebuergesch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Stats LB Wiki at a glance op wikimedia.org
- Diana Hoffmann: 20 Joer Wikipedia Lëtzebuerg: 64.000 Artikelen a Lëtzebuerger Sprooch, rtl.lu, 19.10.2024 (mat Ausschnëtt aus dem Journal vun RTL Tele Lëtzebuerg, 18.10.2024).