Wim Delvoye

Vu Wikipedia

De Wim Delvoye, gebuer 1965 am belsche Wervik, ass en zäitgenësseche Kënschtler.

Den Delvoye wunnt a schafft zu Gent an zu New York.

E puer vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Cloaca[änneren | Quelltext änneren]

Säi bekanntst Wierk ass Cloaca, eng Maschinn, déi de mënschleche Verdauungsprozess simuléiert an Exkrementer produzéiert. D'Maschinn gëtt mat kulinareschen Delikatesse gefiddert. Et existéieren am Ganze 7 Modeller vu Cloaca. Deen éischte gouf 2000 am Museum voor Hedendaagse Kunst Antwerpen presentéiert. D'Endresultat konnt ee sous vide kafen.

Am Hierscht 2007 gouf dee ganze Projet (Cloaca 2000-2007) am Casino vun der Stad Lëtzebuerg virgestallt. Dobäi ass och déi lescht aus der Serie, d'Super Cloaca, zum Asaz komm.

Anal Kiss[änneren | Quelltext änneren]

Art Farm of Tattooed Swine[änneren | Quelltext änneren]

A China huet den Delvoye eng zwou Dose Schwäin tätowéiere gelooss, mat gängege Motiver, wéi och verschidde Leit se gär hunn, oder mat de Logoe vu Luxus-Marken. Verschiddener vun hinne sinn no hirem Doud ausgestoppt an ausgestallt ginn.

Aner Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Den Delvoye am Mudam[änneren | Quelltext änneren]

An der Eldorado-Ausstellung am Mudam steet eng aussergewéinlech "Installatioun mat Glasrummen", eng Zort "gothic" Kapell.
Op de faarwege Fënstere vun Euterpe sinn net, wéi een erwaarde géif, Helleger oder soss reliéis Theemen, mä Kompositiounen op Basis vu Röntgefotoen, déi meescht vu Koppelen, déi sech këssen oder déi matenee schlofen. E bëssen erënneren déi Doudekäpp u Vanitas-Molereie vu spéitmëttelalterleche Meeschteren.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Amy, Michaël: The Body As Machine, Taken To Its Extreme, The New York Times, 20 January 2002, pp. 37–38.
  • Almanach, Fondation Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, Luxembourg, 2004, pp. 106–114.
  • Wullschlager, Jackie: Kitsche to make Belgium rich, Financial Times, 30 March 2005, p. 10.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wim Delvoye – Biller, Videoen oder Audiodateien