Wëllem III. vun Holland

Vu Wikipedia
Wëllem III.
Titelen
Kinnek vun Holland
Zäit 1849 bis 1890
Virgänger Wëllem II.
Nofollger Wilhelmina
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit 1849 bis 1890
Virgänger Wëllem II.
Nofollger Adolphe
Biographie
Gebuer 19. Februar 1817
Gestuerwen 23. November 1890
Bestuet mat Sophie vu Württemberg,
Emma vu Waldeck-Pyrmont
Papp Wëllem II. vun Holland
Mamm Anna Pawlowna
Geschwëster Henri vun Oranien-Nassau
Kanner Wilhelmina vun Holland


De Willem Alexander Paul Frederik Lodewijk gebuer de 17. Februar 1817 zu Bréissel, a gestuerwen den 23. November 1890 op Schlass Het Loo an Holland, war vum 12. Mee 1849 bis de 14. November 1890 als Wëllem III. Kinnek vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg a vun 1849 bis 1867 Herzog vu Limburg.

Well 1848 an Holland an zu Lëtzebuerg eng liberal Constitutioun agefouert gi war, déi d'Rechter vum Kinnek ageschränkt hat, wollt hien ufanks op den Troun verzichten, mä säi Papp huet en iwwerzeegt kritt, dat net ze maachen.

Hie war net besonesch beléift: An Holland gouf en an engem anonym publizéierte Pamphlet "Koning Gorilla" genannt, well en e ruckelzeche Liewensstil hat, ëmmer nees friem goung an d'Vollek als "Racaille" vernannt huet.

De 27. November 1856 huet hien zu Lëtzebuerg e Staatsstreech gemaach: hien huet d'Opléise vun der Chamber an eng Revisioun mat fundamentalen Ännerunge vun der liberaler Constitutioun vun 1848 ordonéiert.

1866, wéi den Däitsche Bond opgeléist gouf, wollt e Lëtzebuerg dem Napoleon III. vu Frankräich verkafen; de Bismarck, deen du mat Krich gedreet huet, krut en awer ofgehalen; Lëtzebuerg gouf als "fir ëmmer neutral" deklaréiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Traité vu London (1867).

Well seng dräi Jonge mat senger éischter Fra Sophie vu Württemberg, vun deene kee bestuet war, scho virun him gestuerwe waren a well och säi Brudder, de Prënz Hari, keng Kanner hat, war kee männleche Nofollger méi do. No sengem Doud ass du seng eenzeg Duechter Wilhelmina, déi en zesumme mat senger zweeter Fra, der Emma vu Waldeck-Pyrmont hat, op den Troun vun Holland komm. Well nom Ierfpakt vu Lëtzebuerg (Salescht Recht) awer just männlech Nofollger op den Troun komme konnten, ass d'Groussherzogtum un ee vun enger anerer Linn vum Haus Nassau iwwergaangen, den Adolphe I. aus der Linn Nassau-Weilburg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Wëllem II.
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1849 - 1890
Nofollger:
Adolphe
Virgänger:
Wëllem II.
Kinnek vun Holland
1849 - 1890
Nofollger:
Wilhelmina

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wëllem III. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien