XO-1 (Stär)

Vu Wikipedia
XO-1
Stärebild: Corona Borealis (CrB)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 16h 02m 12s
Deklinatioun + 28° 10' 10"
visuell Magnitude 11,3 mag
Spektralklass: G1 V
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Distanz 600 Lj.
Metallizitéit [Fe/H] 0,015 ± 0,040
Alter (4,5 ± 2,0) Mia.
Physikalesch Eegenschaften
Mass: (1,00 ± 0,03) M☉
Radius: (1,00 ± 0,08) R☉
Uewerflächentemperatur ? K
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +28° 2507
GSC GSC 02041-01657
Weider Katalogen XO-1

Den XO-1, oder BD +28° 2507 (oder GSC 02041-01657), ass e gielen Zwerg. Hie läit ronn 600 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Corona Borealis. D'Mass an den Duerchmiesser vum XO-1 gläicht eiser Sonn.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

2006 huet en Team vu professionellen an Amateurastronomen e jupitergroussen Exoplanéit, den XO-1b entdeckt, deen ëm säi Zentralstär XO-1 kreest. D'Amateurteam bestoung aus Astronome vun Nordamerika an Europa a gouf vum Peter McCullough vum Space Telescope Science Institute zu Baltimore geleet.

Den entdeckte Planéit gouf duerch Observatioune vum Harlan J. Smith Telescops an dem Hobby-Eberly-Teleskop um McDonald-Observatoire vun der Universéit vun Texas bestätegt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]