Yerkes (Moundkrater)
| Moundkrater Yerkes | |
|---|---|
De Moundkrater Yerkes a seng Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
| Eegenschaften | |
| Breet | 14,57° N |
| Längt | 51,7° O |
| Duerchmiesser | 35,66 km |
| Déift | ? |
| Selenographesch Längt | 310° bei Sonnenopgank |
| Genannt nom | Charles Tyson Yerkes (1837–1905) |
| Genannt am Joer | 1935 |
De Yerkes ass en Aschlagkrater no beim westleche Rand vum Mare Crisium um Äerdmound. Hie läit westlech vum Krater Picard a südlech vum Krater Peirce. Am Südoste sinn d'Kratere Greaves a Lick um Marerand.
A fréierer Zäit gouf de Krater banne bal ganz vu Lava iwwerschwemmt, sou datt nëmmen nach e flaache Rescht vum fréiere Kraterrand iwwer d'Mare erauskuckt. De Rand ass a senge westlechen an südlechen Deeler am breetsten, wärend de Rand am Oste bal net ze gesinn ass an nëmmen nach e schwaache Bou op der Mounduewerfläch drop hiweist. De Kraterbuedem ënnerscheet sech a senger Albedo net vum nogeleeëne Moundmier, sou datt sech d'Formatioun kaum vun der Ëmgéigend ofhieft. Vum Nordrand leeft en niddrege Biergzuch an nord-nordwestlecher Richtung bei de Satellittekrater 'Yerkes E'.
| Yerkes | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
|---|---|---|---|
| E | 15.88° N | 50.64° O | 9.91 km |