Yerkes (Moundkrater)
Moundkrater Yerkes | |
---|---|
Eegenschaften | |
Breet | 14,57° N |
Längt | 51,7° O |
Duerchmiesser | 35,66 km |
Déift | ? |
Selenographesch Längt | 310° bei Sonnenopgank |
Genannt nom | Charles Tyson Yerkes (1837–1905) |
Genannt am Joer | 1935 |
De Yerkes ass en Aschlagkrater no beim westleche Rand vum Mare Crisium um Äerdmound. Hie läit westlech vum Krater Picard a südlech vum Krater Peirce. Am Südoste sinn d'Kratere Greaves a Lick um Marerand.
A fréierer Zäit gouf de Krater banne bal ganz vu Lava iwwerschwemmt, sou datt nëmmen nach e flaache Rescht vum fréiere Kraterrand iwwer d'Mare erauskuckt. De Rand ass a senge westlechen an südlechen Deeler am breetsten, wärend de Rand am Oste bal net ze gesinn ass an nëmmen nach e schwaache Bou op der Mounduewerfläch drop hiweist. De Kraterbuedem ënnerscheet sech a senger Albedo net vum nogeleeëne Moundmier, sou datt sech d'Formatioun kaum vun der Ëmgéigend ofhieft. Vum Nordrand leeft en niddrege Biergzuch an nord-nordwestlecher Richtung bei de Satellittekrater 'Yerkes E'.
Yerkes | Breedegrad | Längegrad | Duerchmiesser |
---|---|---|---|
E | 15.88° N | 50.64° O | 9.91 km |