Your Chicken Died of Hunger

Vu Wikipedia
Your Chicken Died of Hunger
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2002
Dauer 30 min.
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Beryl Koltz
Dréibuch Beryl Koltz
Fotografie Jako Raybaut
Schnëtt Frédéric Fichefet
Produzent Anne Schroeder (Line Producer), Jani Thiltges (Co-Executive Producer), Claude Waringo (Co-Executive Producer)
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Rob Stanley: Gallo
Alfredo Pea: Jenzo
Dave Nicholls: Karl
Trung Nguyen: Aishi
Birgit Ludwig: Caissière
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Your Chicken Died of Hunger ass e Kuerzfilm vun der lëtzebuergescher Regisseurin Beryl Koltz aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Dräi Männer ginn op eng Konschtfoire, wou si d'Haaptwierk wëlle klauen: eng Foto vun engem gouerege Poulet, déi den Titel Your Chicken Died of Hunger ("Däi Poulet ass erhéngert") dréit.[1]

Filmproduktioun an -promotioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Produktioun vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film deemools e Subsid an Héicht vu fënnef Millioune Lëtzebuerger Frang, haut ronn 124.000 Euro, vum Lëtzebuerger Filmfong.[2]

De Film ass eleng 2002 op 21 Filmfestivalle gelaf,[3] an 2003 op véier weideren.[4]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Film op senscritique.com
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 210
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2002, Säit 213
  4. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2003, Säit 242