Op den Inhalt sprangen

Zëttär

Vu Wikipedia
Zëttär an der fréierer portugisescher Festung El Jadida am haitege Marokko

Eng Zëttär (aus dem laténgeschen: cisterna) ass meeschtens en ënnerierdeschen oder ofgedeckte Reservoir an deem Waasser oder aner Flëssegkeete gesammelt ginn. D'Waasser ass dacks keen Drénkwaasser, mä ka fir d'Irrigatioun oder aner Aktivitéite benotzt ginn. Et gëtt individuell a kollektiv Zëttären.

Zëttäre gëtt et schonn zanter der Antiquitéit a waarmen an dréchene Regiounen, mä och a Befestegungsanlagen a Stied, déi Affer vu Belagerunge konnte ginn. Modern Zëttäre sinn haut dacks aus Bëtong oder Plastik.[1]

Dacks gëtt de Bregrëff Zëttär och als Kierzel fir en Zëttärswagon gebraucht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wasseraufbereitungshilfe.de: Was ist eine Zisterne? (gekuckt den 11. Juli 2013)