Op den Inhalt sprangen

Zalot

Vu Wikipedia
Eng gréng Zalot mat Nëss
Eng Gromperenzalot
Eng griichesch Zalot
Eng Uebstzalot

Eng Zalot ass e kale Plat aus kleng geschniddenem Geméis oder Uebst an eventuell aneren Zutaten, deen dacks mat enger Zooss preparéiert gëtt. Zalote kënne salzeg, séiss oder och pikant sinn.

D'salzeg Zalotenzooss, zum Beispill eng Vinaigrette, besteet meescht aus enger Kombinatiouns aus Ueleg an Esseg, an Elementer, déi deem Ganzen e Geschmaach ginn, wéi Salz, Peffer, Gewierzer a Kraider. Si kann och mat Mayonnaise oder Moschter zoubereet ginn.

Zaloten ënnerscheet een no der Kompositioun oder der Produktiounsmanéier. Esou ginn et Zaloten, bei deenen all d'Zutate réi zerwéiert ginn, an anerer, bei deene se virdru gekacht ginn. Eng Zalot kann als Entrée, als Haaptplat oder als Bäilag giess ginn. Well Zaloten am Allgemengen als gesond gëllen, si si dacks Deel vun engem Regime.

Verschidden Zalotekombinatioune sinn esou bekannt a beléift, datt si en eegenen Numm hunn, wéi déi franséisch Macédoine, déi US-amerikanesch Cobb Salad a Caesar Salad, d'italienesch Caprese, den däitschen Ochsenmaulsalat, déi russesch Mutz vum Monomach an Olivierzalot, oder och nach d'griichesch Zalot.

Beispiller vun Zalote sinn:

  • eng einfach "gréng Zalot" aus Heederzalot
  • Tomatenzalot
  • Kornischongszalot
  • Wuerzelszalot
  • Kabeszalot
  • Lënsenzalot
  • Gromperenzalot
  • Nuddelszalot
  • Uebstzalot
  • Kärenzalot, zum Beispill mat Bulgur
  • Eeërzalot
  • Fleeschzalot, zum Beispill d'Feierstengszalot
Commons: Zaloten – Biller, Videoen oder Audiodateien