Zetär

Vu Wikipedia
Zetär an der fréierer portugisescher Festung El Jadida am haitege Marokko

Eng Zetär (aus dem laténgeschen: cisterna) ass meeschtens en ënnerierdeschen oder ofgedeckte Reservoir an deem Waasser oder aner Flëssegkeete gesammelt ginn. D'Waasser ass dacks keen Drénkwaasser, mä ka fir d'Irrigatioun oder aner Aktivitéite benotzt ginn. Et gëtt individuell a kollektiv Zetären.

Zetäre gëtt et schonn zanter der Antiquitéit a waarmen an dréchene Regiounen, mä och a Befestegungsanlagen a Stied, déi Affer vu Belagerunge konnte ginn. Modern Zetäre sinn haut dacks aus Bëtong oder Plastik.[1]

Dacks gëtt de Bregrëff Zetär och als Kierzel fir en Zetärswagon gebraucht.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. wasseraufbereitungshilfe.de: Was ist eine Zisterne? (gekuckt den 11. Juli 2013)