Zockerfabréck vu Miersch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zockerfabrik vu Miersch)

D'S.A. Sucrière du Luxembourg, d'Zockerfabréck vu Miersch, gouf de 26. Dezember 1868 ënner dem Impuls vum Joseph Servais (1819-1890), deen déi Zäit Buergermeeschter zu Miersch war, gegrënnt.

D'Statute vun der Gesellschaft goufen duerch Arrêté royal grand-ducal vum 28. Januar 1869, publizéiert den 13. Februar 1869 am Mémorial N° 4, approuvéiert.

D'Gesellschaft hat e Kapital vun 1.000.000 Frang, ënnerdeelt an 2.000 Aktien zu 500 Frang. Haaptaktionär war de Baron Eugène de Lafontaine, Administrateur vun der Société anonyme d'agriculture industrielle vu Léck mat 380 Aktien.

Ëm 1888 ass d'Fabréck zougemaach ginn.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Roger Hilbert: Die Geschichte von Mersch: II. 2. Teil: "Dat neit Miersch". Fortsetzung der Geschichte von Mersch von Beginn der Französischen Revolution bis in unsere Zeit. Mersch: Imprimerie Fr. Faber, 1994, 684 S.