Zsa Zsa Gabor
Zsa Zsa Gabor | |
---|---|
Gebuertsnumm | Gábor Sári |
Gebuer |
6. Februar 1917 Budapest |
Gestuerwen |
18. Dezember 2016 Los Angeles |
Doudesursaach | Häerzkollaps |
Nationalitéit | Éisträich-Ungarn, USA |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Promi, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Participant vu Schéinheetsconcoursen, Schauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Burhan Belge, Conrad Hilton, George Sanders, Herbert Hutner, Joshua S. Cosden, Jr., Jack Ryan, Michael O'Hara, Frédéric von Anhalt |
Papp | Vilmos Gábor |
Mamm | Jolie Gabor |
Geschwëster | Magda Gabor, Eva Gabor |
Kanner | Francesca Hilton, Marcus Prinz von Anhalt |
Zsa Zsa Gabor [ ʒɒ ʒɒ ɡaːbor ], gebuer de 6. Februar 1917 zu Budapest, Éisträich-Ungarn, als Sari Gábor (och alt als Zsuzsanna Gábor Sari uginn) a gestuerwen den 18. Dezember 2016[1],[2] zu Los Angeles, Kalifornien, war eng US-amerikanesch-ungaresch Schauspillerin.
1936 huet si de Schéinheetsconcours fir d'Miss Ungarn gewonnen. Si krut duerno eng kleng Roll an der Operett Der Singende Traum. 1941, nodeem hiert Bestietnes mat engem tierkeschen Diplomat auserneegaange war, ass si bei hir Sëschter Eva op Hollywood geplënnert, fir do Schauspillerin ze gi wéi si. Bekannt gouf se virun allem duerch ongezielt ëffentlech Affären, Skandaler, Scheedungen a Prozesser wéinst Beleidegung.
Vun 1952 un huet si eng 50 Rollen a méi klenge Filmer oder Tëleesfilmer gehat.
Bestietnesser
[änneren | Quelltext änneren]D'Zsa Zsa Gabor war aachtmol bestuet:
- 1937-1941 Burhan Asaf Belge (* 1899; † 1967), Pressechef vum tierkeschen Ausseministère, dee spéider als Schrëftsteller an Diplomat bekannt gouf;
- 1942-1947 Conrad Nicholson Hilton (* 1887; † 1979), Grënner vun der Hilton-Hotel-Chaîne, mat deem se hir eenzeg Duechter Constance Francesca Hilton (* 1947) huet;
- 1949-1954 George Sanders (* 1906; † 1972), e Schauspiller, deen duerno der Zsa Zsa hir Schwëster Magda bestuet huet;
- 1964-1966 Herbert Hunter, e Finanzconseiller an Industriellen;
- 1966-1967 Joshua S. Cosden, Jr., e Geschäftsmann an der texanescher Pëtrolsindustrie;
- 1975-1976 Jack W. Ryan (* 1926; † 1991), Designer a Materfinder vun der Barbiespopp;
- 1977-1982 Michael O’Hara, en Affekot;
- zanter 1986 Frédéric Prënz vun Anhalt.
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Gerold Frank: Zsa Zsa Gabor. Die Geschichte meines Lebens. Non-Stop-Bücherei, Berlin 1961.
- Zsa Zsa Gabor: One lifetime is enough. Delacorte Press, New York 1991, ISBN 0-385-29882-X (zesumme mam Wendy Leigh)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zsa Zsa Gabor – Biller, Videoen oder Audiodateien |