Zwergplanéitekandidat

Vu Wikipedia
Hubble-Foto vum (225088) Gonggong mam Mound S/2016 (225088) 1. Hien ass de gréissten Objet ouni Numm an trotz engem Duerchmiesser vun zirka 1500 km nach net offiziell als Zwergplanéit aklasséiert.

En Zwergplanéitekandidat ass en Objet vum Sonnesystem, deen no der Definitioun vun der I.A.U. vum 24. August 2006 zu Prag méiglecherweis en Zwergplanéit ass, woubäi net sécher ass, ob den Objet alle Krittären entsprécht.

Zwergplanéitendefinitioun no der IAU 2006[änneren | Quelltext änneren]

En Objet ass no der IAU en Zwergplanéit, wann en déi follgend Krittären erfëllt:

  • En ass an enger Ëmlafbunn ëm d'Sonn
  • En huet genuch Mass sou datt en an engem hydrostatesche Gläichgewiicht ass an eng bal ronn Form huet
  • En huet d'Noperschaft vun der Ëmlafbunn net vun aneren Objete geraumt, et ass kee Bunnraumer.

Planéite botzen hir Bunn vun aneren Objeten. Natierlech Satellitten (Mounden) kreesen net direkt ëm d'Sonn, mä ëm en anere Bezuchskierper. Asteroide sinn net ronn genuch.

Problemer mat der Uwendung vun der Zwergplanéitendefinitioun[änneren | Quelltext änneren]

En ettlech Krittäre loosse sech mat Observatioune vun der Äerd aus zimmlech genee klären, anerer sinn nëmme ganz schwéier z'iwwerpréiwen.

  • D'Bunn vun engem Kierper léisst sech berechnen, a sou léisst sech klären, ob hien nom Krittär 1 d'Sonn ëmkreest an ob hien nom Krittär 3 seng Bunn gebotzt huet, oder net.
  • D'Mass léisst sech a ville Fäll mat Observatioune vun de Bunnstéierungen zimmlech sécher bestëmmen, mat Radarmiessunge léisst sech den Duerchmiesser vun Objeten zimmlech genee bestëmmen.
  • D'Beurtelung ob e ronn ass verursaacht an der Praxis e Problem, dee sech aus der Distanz nëmme schwéier léise léisst. D'Klärung vun der Fro gëtt bei méi grousser Distanz ëmmer méi schwiereg. Déi ronn Form léisst sech net direkt aus der Mass an dem Duerchmiesser ofleeden. Et gëtt zwar een Zesummenhank tëscht vill Mass, groussem Duerchmiesser a ronner Form, et gëtt awer och Objeten, déi verhältnesméisseg masseräich sinn, awer net ronn sinn, wéi den Asteroid Vesta oder de Mound Proteus, deen am Ament als de gréissten net ronne Kierper gëllt. Anerersäits gëtt et Objeten, déi e vergläichsweis klengen Duerchmiesser a wéineg Mass hunn an trotzdeem ronn oder bal ronn sinn, wéi d'Mounde Mimas an de Grenzfall Miranda. Ob e Kierper am hydrostatrsche Gläichgewiicht ass (oder zu der Zäit vun der Genesis war), hänkt vum Material of, aus deem de Kierper besteet, a vun der Temperatur am Zentrum vum Objet bei der Genesis. Objeten déi haaptsächlech aus Eisen oder Gestengs bestinn, komme méi schwéier an en hydrostatescht Gläichgewiicht wéi Objeten déi Flëssegkeeten oder plastescht Material enthale wéi Waasseräis, Methanäis, Kuelemonoxidäis, Stéckstoffäis oder aner déifschmëlzent Material. D'Iwwerpréiwung vun der ronner Form brauch eng Observatioun aus verhältnesméisseg kuerzer Distanz, si gëtt duerch eng donkel oder kontrasträich Uewerfläch vum Objet weider erschwéiert.

Zwergplanéitekandidaten[änneren | Quelltext änneren]

D'Ofhängegkeet vun der Äntwert op d'Fro no der ronner Form resp. dem hydrostatesche Gläichgewiicht féiert an der Praxis dozou, datt sech eng weider Grupp vun Objete bilt, bei deenen eng ronn Form nëmme mat enger gewësser Warscheinlechkeet ugeholl oder op d'mannst net ausgeschloss ka ginn, déi awer mat de neiste Mëttele bis elo net bewise konnte ginn. Déi Grupp bilt elo d'Grupp vun den Zwergplanéitekandidaten, am Englesche possible dwarf planets genannt. Et gëtt wéinst den Entdeckunge vun de leschte Jore besonnesch an der Kuiperceinture an doriwwer eraus ëmmer méi Kuiperceintureobjeten, déi mat den normale Mëttelen net eendeiteg klassifizéiert konnte ginn. Vill vun dësen Objete sinn offiziell nach net benannt. Et gëtt jee no Definitioun Dosenden oder Honnerten vun Zwergplanéitekandidaten, si iwwertreffen zueleméisseg awer a jiddwer Fall d'Zuel vun deene vun der IAU bis 2019 offiziell konfirméierte fënnef Zwergplanéiten Ceres, Pluto, Eris, Makemake an Haumea ëm e Villfacht.

D'Krittäre soen näischt iwwer d'Objeten, déi no häitegem Wësse bei hirer Genesis an engem hydrostatesche Gläichgewiicht waren, dunn awer erkaalt a spéider duerch Aschléi vun aneren Objeten hir Kugelgestalt nees verluer hunn. Si definéieren och net genee, wéi staark d'Form vun engem Objet vun enger Form vum hydrostatesche Gläichgewiicht ofwäiche kann, fir trotzdeem nach ronn genuch am Sënn vun der Definitioun ze sinn.

Zwergplanéitekandidaten nom Mike Brown[änneren | Quelltext änneren]

Den Astronom Mike Brown war un der Entdeckung vu villen Zwergplanéiten an Zwergplanéitekandidaten bedeelegt. Hien dreift d'Debatt vun de Kandidaten ënner der Iwwerschrëft Free the dwarf planets weider wéi d'IAU. Hien ënnerscheet d'Zwergplanéitekandidaten un hirem Duerchmiesser a fënnef verschidde Gruppe mat ënnerschiddlech grousser Warscheinlechkeet. D'Zielweis ass kumulativ, dat heescht, déi 16 Objete mat Duerchmiesser vun iwwer 600 km schléissen déi 10 Objete mat Duerchmiesser iwwer 800 km mat an asw. Den 31. Oktober 2017 waren et am baussenzege Sonnesystem (also ouni Ceres an déi iwwreg Objeten an der Asteroidenceinture) am Ganzen 960 Objeten. No aktuellster Aschätzung (12. November 2018) sinn et aktuell 878 Objete:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]