Zwergstär
Ausgesinn
Een Zwergstär ass an der Astronomie e Fixstär mat klengem Duerchmiesser a gerénger Liichtkraaft.
Zwergstäre sinn entweeder opgrond vun hirer Entwécklungsgeschicht kleng, wéi:
- de Bloen Zwerg,
- de Blowäissen Zwerg
- de Wäissen Haaptreienzwerg
- de Gielen Zwerg,
- de Gielwäissen Zwerg
- den Orangen Zwerg
- de Rouden Zwerg, oder
- de Brongen Zwerg.
oder verschidde Stäre verléieren am Laf vun hirem Liewen en Deel vun hirer Mass a gi spéider immens kompakt, wéi:
- de Wäissen Zwerg,
- de Schwaarzen Zwerg.
Blo, Giel a Rout Zwerge sinn Haaptreistären, wärend Wäiss Zwerge Stäreläichen a Brong respektiv Schwaarz Zwerge wéinst hirer klenger Mass keng richteg Stäre sinn.
Klass | Beispillstär | Temperatur | Mass | Radius | Liichtkraaft |
---|---|---|---|---|---|
O | Zeta Ophiuchi | 30.000 K oder mehr | 8 M☉ | 5,4 R☉ | 1.630 L☉ |
B | Regulus A | 10.000–30.000 K | 3,5 M☉ | 4 R☉ | 150 L☉ |
A | Zosma | 7.500–10.000 K | 2,2 M☉ | 2,4 R☉ | 25 L☉ |
F | Asellus Primus | 6.000–7.500 K | 1,5 M☉ | 1,8 R☉ | 4,4 L☉ |
G | Sonn | 5.500–6.000 K | 1 M☉ | 1 R☉ | 1 L☉ |
K | Epsilon Eridani | 4.000–5.500 K | 0,8 M☉ | 0,8 R☉ | 0,3 L☉ |
M | Gliese 581 | 2.500–5.500 K | 0,3 M☉ | 0,4 R☉ | 0,002 L☉ |