Zénon Bernard (1944)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem 1944 gebuerene Politiker a Foussballspiller. Fir säi Grousspapp mam selwechten Numm, kuckt wgl. Zénon Bernard (1893). |
Zénon Bernard | |
---|---|
Gebuer | 17. Oktober 1944 |
Gestuerwen | 20. November 2024 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Lycéesprofesser, Foussballspiller |
Partei | KPL |
De Zénon Bernard, gebuer de 17. Oktober 1944 zu Esch-Uelzecht[1], a gestuerwen den 20. November 2024[2],,[3] war e lëtzebuergesche KPL-Politiker, Lycéesprofesser a Foussballspiller.
Hien huet bei der Fola Foussball gespillt a war President vun der Spora.[4]
Vun 1974 bis 1979 war hien Deputéierten an der Chamber. 1979 ass hie fir de René Urbany an de Stater Gemengerot nogeréckelt. 2011 bis 2017 war hie Member vum Escher Gemengerot.[4]
Den Zénon Bernard war zanter 1971 Member vun der KPL. Vun 1976 bis 2019 war hien do Member vum Zentralkomitee an tëschenduerch och Member vum Exekutivkomitee a Vizepräesident.[3]
Hie war den Enkel vum Politiker a Resistenzler Zénon Bernard (1893-1942).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Zénon Bernard (1944) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Mémorial C — N°1832 vum 30. September 2006, S. 87895
- ↑ "Fréiere KPL-Deputéierten Zénon Bernard am Alter vun 80 Joer verscheet." rtl.lu, 28.11.2024.
- ↑ 3,0 3,1 Ali Ruckert: "Genosse Zénon Bernard verstorben." zlv.lu, 30.10.2024.
- ↑ 4,0 4,1 Blog. Personalie: "Zénon Bernard". d'Lëtzebuerger Land 71. Jg., Nr.48, 29.11.2024, S.7.