+Teamgeist™

Vu Wikipedia
+Teamgeist™

+Teamgeist™ ass den offizielle Spillball vun der FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland. E gouf den 9. Dezember 2005 bei der Ennronnenauslousung zu Leipzig no dräijäreger Entwécklungzäit der Ëffentlëchkeet virgestallt an entsprécht dem Reglement vun der FIFA. E léist säi Virgänger bei Foussball-Weltmeeschterschaften, de Fevernova (2002 Japan/Südkorea), of. Duerch déi nei Unuerdnung vu 14 Panéile gëtt eng méi ronn Struktur erreecht (d'Bäll weisen eng maximal Ofwäichung vu 0,1 Prozent vun der perfekter Kugel op). Datt soll eng däitlech Verbesserung, wat d'Prezisioun an d'Ballkontroll ubelaangt, bewierken. Ausserdeem gëtt doduerch d'Längt vun den Néit méi kleng, wat zu enger besserer Belaaschtbarkeet féiert. Déi eenzel Panéile sinn net matenee verbitzt, mä, wéi beim offizielle Ball vun der UEFA Foussball-Europameeschterschaft 2004 a Portugal, dem Roteiro, verpecht.

Optesch passt sech den neie Ball un déi klassesch schwaarz-wäiss Faarwe vum Spillgeschir an den 1970er Joren un. Gläichzäiteg stinn d'Faarwe schwaarz a wäiss traditionell fir déi Däitsch Foussballnationalekipp. Zousätzlech gëllen Akzenter erënneren un de FIFA World Cup.

Den Numm soll, dem Hiersteller Adidas no, Programm sinn: "Teamgeescht (zu däitsch: Teamgeist) ass déi wuel wichtegst Eegenschaft, déi all Ekipp muss hunn, fir zum Schluss de gëllene Pokal den eegene Fans presentéieren ze kënnen".

E puer vun de grousse Weltstaren hunn de Ball als optimal a revolutionär gelueft. Aner Spiller dogéint hu sech éischter negativ iwwer den neie Ball geäussert, well d'Fluchphase bei dësem komplett nei an dacks och ontypesch am Verglach zu anere Bäll verleeft. Trotz allem ass Adidas beméit, änlech gravéierend Problemer wéi beim Fevernova 2002 ze verhënneren.

Deen éischten offiziellen Asaz vum Ball huet den 10. Dezember 2005 beim éisträichesche Bundesligamatch tëscht Red Bull Salzburg a Rapid Wien stattfonnt.

Sonnereditioun[änneren | Quelltext änneren]

E Samschdeg, den 11. Februar 2006 gouf beim däitsche Bundesligamatch Schalke 04 géint Bayer Leverkusen an e Sonndeg, den 12. Februar, 1.FC Köln géint Borussia Dortmund mat enger Sonnereditioun mam Numm +F50 TUNIT gespillt. De Matchball ass vum Material hir identesch, huet awer en aneren Design mat blo-grénger Faarf. De Méindeg drop gouf och ënner dem Numm +50 TUNIT en neie Foussballschong vun Adidas virgestallt.

Am Europa-Park bei Freiburg an Däitschland gouf eng Hal mat Hëllef vu 5.600 m² Polyesterplanen zu enger 43 m héijer Versioun vum Ball ëmdekoréiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adidas Teamgeist – Biller, Videoen oder Audiodateien