Abel (Moundkrater)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Krater Abel
Eegeschaften
Breet 34,5° S
Längt 87,3° O
Duerchmiesser 122 km
Déift onbekannt
Selenographesch Längt 276° bei Sonnenopgank
Genannt nom Niels Henrik Abel

Den Abel ass en ale Moundkrater am Nordweste vum Mare Australe op der viischter Moundsäit. Hie läit südlech vum Barnard-Krater.

De Rand vum Krater ass staark erodéiert a vun onregelméisseger Form. Hie gouf vun e puer Aschlagkratere ageschnidden an iwwerlagert. De Krater Abel A iwwerlagert de südleche Rand, während Abel M an Abel L an de westleche Kraterrand andréngen.

Déi bannenzeg Fläch am Oste gouf vu Lava-Flëssn nei geformt, sou datt eng relativ glat Fläch mat wéineg Albedo entstanen ass. Am Westen ass den Ënnergrond méi rau an d'Albedo entsprécht där vum Terrain, deen ëm de Krater läit.

Ugrenzend Kratere[änneren | Quelltext änneren]

Normalerweis fënnt een de Buschtaf op der Säit vum Kratermëttelpunkt, deen am nächste beim Abel läit.

Abel Breet Längt Duerchmiesser
A 36,6° S 86,0° O 19 km
B 36,7° S 82,8° O 41 km
C 36,0° S 81,0° O 31 km
D 37,7° S 87,7° O 30 km
E 37,8° S 86,5° O 13 km
J 35,5° S 79,0° O 11 km
K 35,0° S 77,2° O 9 km
L 34,4° S 82,6° O 67 km
M 32,2° S 83,6° O 81 km

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie