Anubispavian

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Anubispavian
En Anubispavian
En Anubispavian
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Theria
Iwweruerdnung: Euarchontoglires
Uerdnung: Primaten
Ënneruerdnung: Haplorhini (Afe mat dréchenen Nuesen)
Famill: Cercopithecidae
Gattung: Pavianen (Papio)
Aart: Anubispavian
Wëssenschaftlechen Numm
Papio anubis
Lesson, 1827
Männlechen Anubispavian

Den Anubispavian oder Grénge Pavian (Papio anubis) ass eng Primatenaart aus der Gattung vun de Pavianen (Papio) bannent der Famill vun de Cercopithecidae. Säin Numm geet op den egyptesche Gott Anubis zréck, deen dacks mat engem Hondskapp duergestallt gouf an e gewësse Glach mat der Schnëss vum Pavian huet.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

Anubispaviane hunn e gro- bis olivgrénge Pelz, d'Männercher hunn op de Schëlleren an um ieweschte Réck eng Mähn. D'Schnëss ass laanggezunn, ouni Hoer a schwaarz gefierft, an och den Hënner huet keng Hoer an ass donkel. Vum Kapp bis un den Hënner ginn d'Déieren 48 bis 76 Zentimeter laang, dobäi kënnt e Schwanz vun 38 bis 58 Zentimeter. D'Männchercher gi mat bis zu 25 Kilogramm däitlech méi schwéier wéi d'Weibercher, déi just eng 15 Kilo weien. Och de Männercher hir Eckzänn sinn däitlech méi grouss.

Verbreedung, Habitat[änneren | Quelltext änneren]

D'Anubispaviane sinn déi am wäitste verbreet Pavianaart: a Mëttelafrika vu Mali bis Ethiopien a südlech bis an Tansania. Si liewen haaptsächlech an de Savannen, kënnen awer och a Bëscher an aneren Habitater virkommen.

Liewensweis, Kascht[änneren | Quelltext änneren]

D'Anubispaviane sinn dagsiwwer meeschtens um Buedem, wou se op véier Patte lafen. Nuets klamme se gär op Beem oder Fielse fir ze schlofen. Se liewen a Gruppen vu 15 bis 150 (meeschtens 40 bis 80) Déieren. An dëser Grupp gëtt et eng streng Hierarchie, mat komplexem Sozialbehuelen.

Si sinn Allesfrësser, an erniere sech haaptsächlech vu Friichten, Grieser, Wuerzelen a Knollen, mä och vun Insekten, Eeër a klenge Wierbeldéieren.

D'Déiere kënnen sech dat ganzt Joer duerch fortplanzen. Dacks gëtt et Gestreits an der Grupp, wat fir e Männche bei wat fir engem Weibchen zum Zuch kënnt. No 180 Deeg kënnt (gewéinlech just all Kéier ee) Klengen op Welt, deen 1 kg weit a schwaarz gefierft ass. No engem Joer gëtt e gespéint, no 5 bis 8 Joer ass e geschlechtsräif.

D'Déiere kënne 25 bis 30 Joer al ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thomas Geissmann: Vergleichende Primatologie. Springer-Verlag, Berlin u. a. 2003, ISBN 3-540-43645-6.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Papio anubis – Biller, Videoen oder Audiodateien