Automotrice AM 86 SNCB
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Automotrice AM 86 SNCB | ||
|---|---|---|
D'Automotrice 86-914 an der Gare Antwerpen-Centraal. |
||
| Nummeréierung: | 901-952 | |
| Stéckzuel: | 52 | |
| Constructeur: | BN Bruges | |
| Baujoren: | 1985-1986 | |
| Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
| Sëtzplazen | 177 (A: 24 + B: 150+ 3 Noutsëtzer) | |
| Déngschtmass: | 108,12 Tonnen | |
| Längt iwwer Puffer: | 52.800 mm | |
| Héicht bis den Daach: | 3.990 mm | |
| Héchstvitesse: | 120 km/h | |
| Stroumsystemer: | 3kV Gläichstroum | |
| Leeschtung: | 770 kW | |
D'Automotrice AM 86 vun der SNCB ass eng Serie vun Automotricë fir den InterRegio-, P Zuch an L Zuchtrafic. Wéinst de grousse Fënstere krute se de Spëtznumm Taucherbrëll.
[änneren] Allgemenges
D'Automotricë 86 goufe Mëtt der 1980er Joren fir den Asaz op den L Zuch Verbindungen ëm Bréissel an Antwerpen kaaft. Si hu mat 120km/h eng niddreg Héchstvitesse, kënnen dofir awer méi séier ufueren, wat bei de villen Halte ronderëm déi grouss belsch Agglomeratioune wichteg ass.
[änneren] Asaz
- Halle – Vilvoorde
- Halle– Etterbeek – Mechelen
- Geraardsbergen–Halle–Etterbeek–Mechelen
- Mechelen – Léiwen
- Antwerpen – Lier – Aarschot – Léiwen
- Antwerpen – Mechelen – Bréissel