Belsch Euromënzen
Déi national Säite vun de belschen Euromënzen:
Inhaltsverzeechnes |
Éischt Serie (1999-2007) [änneren]
All aacht Mënzen hunn dee selwechte Sujet: De Kinnek Albert II. a säi kinnekleche Monogramm, ronderëm sinn déi 12 Stäre vun der EU an d'Joer, wou se geklappt goufen. Den Design ass vum Jan Alfons Keustermans.
Zweet Serie (vun 2008 un) [änneren]
Déi Serie, déi vun 2008 un erauskënnt, ënnerscheet sech just an Detailer vun där éischter: De Portrait vum Kinnek Albert ass liicht adaptéiert ginn, nei sinn d'Buschtawe "BE" (fir d'Land) riets dervun, an och Monogramm an d'Joereszuel sinn elo am banzeschten Deel vun der Mënz.
2-Euro-Gedenkmënzen [änneren]
2005 [änneren]
De 25. Mee 2005 koum an enger Oplo vu 6 Mio. Stéck déi éischt 2-Euro-Gedenkmënz erausginn. Dorop ze gesinn sinn den Albert II. an de Grand-Duc Henri fir un d'Belsch-lëtzebuergesch Wirtschaftsunioun z'erënneren.
2006 [änneren]
Fir d'Enn vun der Renovatioun vum Atomium ze zelebréieren, ass am Abrëll 2006, an enger Oplo vu 5 Mio. Exemplairen eng Extramënz erauskomm.
2007 [änneren]
Wéi déi aner Memberstaate vun der Euro-Zon och, huet d'Belsch eng Mënze zum 50. Anniversaire vun de Réimeschen Traitéen, de 25. März 2007, erausginn. D'Iwwerschrëft ass op Latäin: PACTVM ROMANVM QVINQVAGENARIVM, Den Numm vum Land ass an allen 3 offizielle Sprooche vun der Belsch, neemlech op däitsch, franséisch an hollännesch.
2008 [änneren]
Wéi 3 aner Länner och gedenkt d'Belsch dem 60. Joeresdag vun der Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter.
2009 [änneren]
D'Belsch gëtt 2 Gedenkmënzen eraus: Mat deenen anere 15 Eurolänner eng fir den 10. Anniversaire vun der europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun, an eng zum 200. Gebuertsdag vum Louis Braille.
2010 [änneren]
2010 huet d'Belsch am 2. Semester d'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun, dat dann och de Sujet vun der Gedenkmënz vun deem Joer ass.
Euro-Zon:
Belsch - Däitschland - Éisträich - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Holland - Irland - Italien - Lëtzebuerg - Malta - Portugal - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Zypern
Länner, déi net Member an der Euro-Zon sinn:
Monaco - San Marino - Vatikan
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
| Commons: Euro coins (Belgium) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
