Carcassonne
| Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Languedoc-Roussillon | ||||
| Departement | Aude | ||||
| Arrondissement | Carcassonne | ||||
| Kanton | Haaptuertschaft vu 4 Kantonen: Carcassonne-Centre, Carcassonne-Est, Carcassonne-Nord a Carcassonne-Sud |
||||
| Code Insee | 11069 | ||||
| Postcode | 11000 | ||||
| Interkommunalitéit |
du Carcassonnais |
||||
| Koordinaten | 43° 12' 47" N 02° 21' 07" O |
||||
| Fläch | 6 508 ha | ||||
| Bevëlkerung | 43 950 Aw. (1999) | ||||
Carcassonne (okzitanesch: Carcassona) ass eng Stad a Südfrankräich an Haaptstad (Prefecture) vum Departement Aude.
Carcassonne läit ca. 70 km nordwestlech vu Perpignan un enger aler Handelsstrooss tëschent dem Mëttelmier an dem Atlantik an huet ca. 44.000 Awunner. Si läit um Floss Aude, an dem Canal du Midi, dee parallel zum Kanal ass.
[änneren] Geschicht
D'Stad gouf vun de Réimer am 1. Joerhonnert v. Chr. gegrënnt an zielt haut zu deenen am beschten erhalene Festungsstied vun Europa. D'Alstad banne vun de Festungsmaueren ass haut en aussergewéinlechen Touristenzentrum. Op de 14 ha, op deenen am Mëttelalter 3-4.000 Mënschen gewunnt hunn, liewen haut nach just 229 Awunner fir zeguttst.
Am 13. Joerhonnert hat an der Festung déi zentral Verwaltung vun der Inquisitioun a Süd-Frankräich hire Sëtz.
Déi am 19. Joerhonnert vum Architekt Eugène Viollet-le-Duc restauréiert Alstad, mat der gutt erhalener duebeler Stadmauer, gouf 1997 vun der UNESCO zur Weltkulturierfschaft erkläert.
| Commons: Carcassonne – Biller, Videoen oder Audiodateien |