Charlotte Moore Sitterly

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Charlotte Emma Moore Sitterly, gebuer de 24. September 1898 zu Ercildoun, Pennsylvania a gestuerwen den 3. Mäerz 1990, war eng US-amerikanesch Astronomin.

D'Charlotte Moore krut 1920 hiren Ofschloss an der Mathematik vum Swarthmore College a gouf uschléissend Assistentin vum Henry Norris Russell op der Universitéit vu Princeton, New Jersey. Enn vun den 20er Jore wiesselt si op de Mount-Wilson-Observatoire a war do Mataarbechterin vum Harold D. Babcock. Hei war si beschäftegt mat Aarbechten zum Thema Sonnespektrum.

Op Grondlag vun dësen Aarbechten konnt si dann och 1931 erfollegräich hir Dokteraarbecht op dësem Gebitt an der Universitéit vu Kalifornien zu Berkeley ofschléissen. Duerno huet si de Physik-Professer Bancroft W. Sitterly bestuet.

Zënter 1945 huet si weider fir d'National Bureau of Standards (NBS), an am Naval Research Laboratory um Gebitt vun der Sonnefuerschung. Déi vun hir um NBS zesummegestellten Tabelle vun atomarer Energieniveaus a spektroskopescher Date waren vu grousser Bedeitung fir d'Spektroskopie an der Astronomie an op anere Gebidder.

Am Joer 1937 huet si den Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie kritt a fir hir Liewensleeschtunge krut si 1990 d'Bruce Medal.

Hir zu Éiere krut den Asteroid 2110 hiren Numm Moore-Sitterly.

Um Spaweck [änneren]

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie