Christopher Hansteen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Christopher Hansteen

De Christopher Hansteen, gebuer de 26. September 1784 zu Christiania (haut Oslo) a gestuerwen den 11. Abrëll 1873 och do.) war e norwegeschen Astronom.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

Den Hansteen studéiert zu Kopenhagen d’Rechter, dann Mathematik, gouf Schoulmeeschter zu Frederiksborg op Séiland a krut op Grond enger Schrëft iwwer d’Äerdmagnéitismus 1814 e Ruff als Professer an d’Universitéit Christiania. Seng „Ënnersich iwwert de Magnéitismus vun der Äerd“ (Christiania 1819, mat Atlas) hunn Ulass ginn, datt op bal allen zënterhier gemaachten Entdeckungsreesen magnéitesch Observatioune no semger Method ugestallt goufen. Den Hansteen selwer huet zu dësem Zweck vill Reesen ënnerholl, speziell och 1828-1830 a Begleedung vum Erman aus Berlin an dem Leutnant Due vun der norwegescher Marine no Sibirien bis Irkutsk an Kjachta. D’Resultater vun dëser Rees fannen sech an de „Reiseerinnerungen aus Sibirien“ (däitsch vum Sebald, Leipzig 1854) an am Haaptwierk: „Resultate magnetischer, astronomischer und meteorologischer Beobachtungen auf einer Reise nach Sibirien“ (Christiania 1863). Ënnert der Leedung vum Hansteens goufen d’Observatoire zu Christiania an dat magnéitescht Observatoire am Park vum Observatoire ugeluecht. Den Hansteen huet net nëmmen an der Universitéit mä och an der Artillerie- an Ingenieurschoul Virliesunge iwwer ugewandte Mathematik gehalen an huet zënter 1837 déi trigonometresch Vermiessung Norwegens virugedriwwen. Russesch-skandinavesch Breedegradmiessunge goufen och ënnert senger Leedung 1845-1860 gemooss. 1873 ass hie gestuerwen..

Wierker [änneren]

Vu sengen iwwrege Schrëften sinn ze nennen: „Vorlesungen über die Astronomie“, ein „Lehrbuch der Geometrie“ (Christiania 1835), „Reiseerinnerungen aus Sibirien“ (däitsch, Leipzig 1854; franséisch, Paris 1857), „Lehrbuch der Mechanik“ (Christiania 1836-1838) an de „Norwegische Almanach“. Zënter 1822 redigéiert hie mat dem Lundh a Maschmann d’„Magazin for Naturvidenskaberne“.

Éierung [änneren]

Dem Hansteen zu Éieren gouf e Krater an e Bierg Mons Hansteen um Äerdmound no him genannt.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie