De Krater huet en Duerchmiesser vun ongeféier 225 km. A sengem Zentrum si vill Kratere vu verschiddener Gréisst, vun deene sech déi kleng fir d'Préiwe vum Opléisungsverméigen vun Amateurteleskopen eegnen. Opfälleg ass déi hallefkreesfërmeg Glidderung, déi mam Krater Rutherfurd (48 x 54 km) op dem südleche Kraterrand vum Clavius ufänkt a vun do mat den ëmmer méi klenge Kratere Clavius D, C, N, J a JA weidergeet. Am Nordoste gëtt de Claviuskraterrampli vum 52 km grousse Krater Porter ënnerbrach.