Commune vu Paräis (1792)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem revolutionäre Gouvernement vu Paräis während der Franséischer Revolutioun. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Commune vu Paräis

D'Commune vu Paräis (1789-1795) war den Numm deen de revolutionäre Gouvernement vu Paräis sech nom Stuerm op d'Bastille (14. Juli 1789) ginn huet. Den éischte Buergermeeschter war de Jean-Sylvain Bailly an d'Reunioune waren am Hôtel de Ville.

Nom 10. August 1792 gouf d'Commune opstänneg an zum Porte-parole vun de revolutionären Evenementer vun der Paräisser Bewegung. Si huet sech an den dramateschste Mouvementer vun der Revolutioun illustréiert. Mam Gesetz vum 21. Mee 1790 gouf aus dem revolutionäre Gouvernement e regelméissegen Organissem. De Comité général vun der Commune vu Paräis huet sech aus Memberen zesummegesat, déi vun de Bierger vun den 48 Sektioune vun der Stad Paräis gewielt goufen. De Jean-Sylvain Bailly gouf duerch de Jérôme Pétion un der Spëtzt ersat (13. November 1791). Duerno koumen als Buergermeeschter de Joseph Chambon, de Jérôme Pache an de Jean-Baptiste Fleuriot-Lescot un d'Muecht, de Fleuriot-Lescot huet säin Amt bis zum 9. Thermidor Joer II behalen.

D'opstänneg Commune vu Paräis[änneren | Quelltext änneren]

An der Nuecht vum 9. op den 10. August 1792, ënner dem Drock vun enger Gefor vu Baussen an der Angscht vun engem Verrot vum Louis XVI., huet eng opstänneg Commune ënner dem Jérôme Pétion, dem Pierre Louis Manuel a sengem Substitut Georges Danton d'Plaz vun der legaler Commune iwwerholl. Se huet aus 52 Kommissäre bestanen déi mat der Participatioun vun de Bierger erausgesicht goufen. Se huet d'Iddië vun de Paräisser Sans-culottes vertrueden a gouf zu de wichtegsten Organer vum Gouvernement. Se konnt sech och an der Provënz duerchsetzen.

D'opstänneg Commune vu Paräis huet zu der Kreatioun vum revolutionäre Geriicht (17. August 1792) bäigedroen, wat sech ëm d'Verdächteger këmmere sollt, ass passiv vis-à-vis vun de Septembermassakere (1792) bliwwen, huet d'Proskriptioun vun de Girondins duerchgesat (2. Juni 1793), d'Gesetz vun generelle Maximum (29. September 1793) agefouert, bei der Institutioun vun der Terreur gehollef, a beim Mouvement fir d'Dechristianiséierung matgemaach. D'Commune huet d'Membere vun der Police erausgesicht, déi en masse d'Verdächteg festgeholl hunn. 1793 gouf d'Commune vum Comité de salut public ënner der Direktioun vu Robespierre, Saint-Just a Couthon dominéiert. D'Commune huet hiren Afloss no der Eliminatioun vun den Hebertiste verluer (24. Mäerz 1794 a gouf vun der Convention nationale opgeléist, déi 93 vun de Membere guillotinéiere gelooss huet.

Ënner der Convention thermidorienne gouf d'Paräisser Commune duerch zwee Kommissären ersat.

D'Konstitutioun vum Joer III (1795) huet d'Commune vu Paräis duerch zwielef eenzel Municipalitéoten ersat, déi vun engem zentrale Büro geleet goufen, fir eng weider populär Diktatur ze verhënneren.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Frédéric Bluche, Stéphane Rials a Jean Tulard, La Révolution française, PUF, Paräis, 1998.
  • Sigismond Lacroix, Actes de la Commune de Paris pendant la Révolution, Paräis, 1894-1914.
  • Jean-Maurice Tourneux, Procès-verbaux de la Commune de Paris (10 août 1792-1er juin 1793), Paräis, 1894.
  • Jourgniac de Saint-Méard, Mémoires sur les journées de septembre 1792, Paräis, 1823.