De Fluch vun der 23
|
||||
|---|---|---|---|---|
| Land | Lëtzebuerg | |||
| Sprooch | Lëtzebuergesch | |||
| Erauskomm | 2004 | |||
| Text | Lucien Czuga | |||
| Zeechnungen | Roger Leiner | |||
De Fluch vun der 23 ass den 18. Album aus der Superjhemp-Serie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
[änneren] Ëm wat geet et ?
Nom Doud vum Poopst Jean-Polak II. kënne sech d'Kardineel net op e Nofolger eenegen. Do grueft ee vun hinnen eng al Regel vum Konklav aus, no där den neie Poopst an esou engem Fall bestëmmt ka ginn, andeems den eelste walberechtegte Kardinol en Dartféil op e Globus schéisst. Getraff gëtt Luxusbuerg...
Iwwerdeems gondelen de Charel Kuddel mat Famill an den Inspekter Schrobiltgen op der MS Katzür duerch d'Mëttelmier. D'Vakanz ass grad esou schéin, do gëtt den Tenor Luciano Pafendalli mat engem Messer ermuert. Nieft der Läich läit en Ziedel mat engem roude "W" drop. De Charel ass séier an de Superjhemp verwandelt an zesumme mam Schrobiltgen gesi se just nach en Onbekannte mat roudem Ëmhank an eiserner Händsch entwutschen. De Schrobiltgen léisst zwar aus engem Ufanksverdacht eraus de Messerwerfer Camillo Geetetlass aspären, mee op där nächster Escale vun der Croisière zu Roum hu mer erëm deen ominéisen Onbekannten, deen déi Kéier den Diddelenger Paschtouer Edmond Zwerg ermuerde wëll (dee béckt sech awer am leschte Moment, well säi Stréckel lass ass). Op engem Bam ass erëm dee roude "W". De Paschtouer, dee sech an esou Saachen auskennt, kläert eise Superheld op, datt d'Wiechter vun der 23, e Geheimbond, dee géint d'Kierch kämpft, de "W" als säin Zeechen erausgesicht huet, well dat den 23. Buschtaf am Alphabet ass. D'23 ass souzesoen eng mystesch Zuel.
Erëm doheem zu Luxusbuerg gi mer da gewuer, datt et keen anere wéi den Edmond Zwerg ass, deen zum neie Poopst gewielt gouf. An dat éischt Attentat huet u sech och him gegollt, well hie mam Pafendalli kuerz virum Mord nach d'Cabinë getosch hat. Den Nurbi an den Norbi vum Wattikanesche Geheimdéngscht sollen den Edmond Zwerg elo sécher op Roum zeréckbréngen. D'Wiechter vun der 23 versichen awer ënnerwee, den neie Poopst ze "poopstnäppen", anscheinend awer fir en ze protegéieren. An de groussen Obekannten, dee sech vu sengem Chef Iotum nenne léisst, ass och nach ëmmer hannert dem Edmond Zwerg hier.
[änneren] Kuriéises
Am Album sinn zwou Fënsteren, déi net vum Superjhemp selwer futtigemaach gi sinn (am viregen Album ass dat och schonns eng Kéier virkomm). An e Revue-Lieser huet däerften eng ganz Säit selwer illustréieren.