Elliott See

Vu Wikipedia
Elliott See
Gebuer 23. Juli 1927
Dallas
Gestuerwen 28. Februar 1966
St. Louis
Doudesursaach Verletzung
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vu Kalifornien zu Los Angeles,
University of Texas
Aktivitéit Offizéier, Testpilot, Astronaut, Ingenieur
Den Elliot McKay See am Astronautekostüm

Den Elliot McKay See, gebuer den 23. Juli 1927 zu Dallas, Texas a gestuerwen den 28. Februar 1966 zu St. Louis, Missouri war en US-amerikaneschen Astronaut vum Gemini-Programm. Hien ass bei engem Fligeraccident gestuerwen, ier hie mat der Gemini 9 säin éischte Raumfluch maache konnt.

Den Elliot See huet op der Akademie vun der amerikanescher Handelsmarinn studéiert souwéi op der University of California zu Los Angeles. Vun 1949 un huet hie bei der General Electric Company ënner anerem als Testpilot geschafft. 1953 goung hien als Pilot bei d'Marine, bis hien 1956 bi d'General Electric zeréckkoum, wou hien ënner anerem d'Typpe Starfighter an Northrop T-38 geflunn ass.

Dunn huet de See sech bei der NASA gemellt a gouf de 17. September 1962 als Member vun der zweeter Astronautegrupp der Ëffentlechkeet virgestallt. De See war ee vun de béiden Zivilisten an der néngkäppeger Grupp, deen anere war den Neil Armstrong.[1]

Seng éischt Andeelung fir e Raumfluch krut de See den 8. Februar 1965, wéi hien als Reservepilot fir d'Missioun Gemini 5 am August 1965 agedeelt gouf. Den 8. November 1965 gouf hien dann als Kommandant vun der Missioun Gemini 9 nominéiert.

Wärend de Flich vu Gemini 6 a Gemini 7 am Dezember 1965 war hie Kommunikatiounsspriecher vun der Fluchleetzentral zu Houston.

Den 28. Februar 1966 sinn d'Haapt- an d'Ersatzcrew vu Gemini 9 an zwéin zweesëtzegen T-38 Talon op St. Louis bei McDonnell, de Produzent vun de Gemini-Raumschëffer geflunn. De See war Pilot an hat den Charles Bassett als Kopilot bei sech. Bei schlechter Siicht hu si d'Landebunn verfeelt, a sinn nodeem se e Gebai gesträift haten, ofgestierzt. De See an de Bassett waren direkt dout.

De See huet seng Fra an dräi Kanner hannerlooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elliott See – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Astronautengruppe 1 und 2 . Websäit vun der NASA. Gekuckt de 27. August 2012.